Op den Inhalt sprangen

Surveyor 3

Vu Wikipedia
Surveyor 3
D'Surveyor 3 um Äerdmound
Typ Moundsond
Land USA
Agentur NASA
Missiounszil Virbereedung fir bemannt Moundlandungen
Start 17. Abrëll 1967, 07:05 UTC
Startplaz CCAFS LC-36
Drorakéit Atlas-Centaur AC-10/290D
Missiounsenn 4. Mee 1967

De Surveyor 3 war déi drëtt Moundsond vun der US-amerikanescher Raumfaartagentur NASA am Kader vum Surveyor-Programm. De Surveyor-Programm war Nofollger vum Ranger-Programm. D'Resultater vum Programm sollten déi éischt bemannt Moundlandung virbereeden. Surveyor 3 sollt onbeschiedegt um Äerdmound landen a vun do Biller an Daten op d'Äerd iwwermëttelen. No Surveyor 1 war et déi zweet US-amerikanesch Sond, déi mëll um Mound gelant an hir Missioun erfëllt hat.

Den Astronaut Conrad (Apollo 12) ënnersicht d'Surveyor 3

D'Surveyor 3 war de 17. Abrëll 1967 u Bord vun enger Atlas-Centaur-Rakéit vun der Startramp LC-36 vun der Cape Canaveral Air Force Station gestart ginn. Eng Kurskorrektur war, am Géigesaz zu der Surveyor 2, ouni Problemer verlaf. Den 20. Abrëll hat d'Sond den Äerdmound erreecht. An enger Héicht vu 76 Kilometer iwwer der Mounduewerfläch a bei enger Vitess vun 2.626 m/s goufen déi éischt Bremsrakéite gezünt, déi d'Vitess op 137 m/s erofgesat hunn. Duerno hunn, wéi scho bei Surveyor 1, den Doppler-Radar an den Héichtemiesser déi weider Landung iwwerholl. Mat Vernier-Dreifwierker sollt d'Sond op de leschte Metere kontrolléiert ofgebremst ginn. Warscheinlech ausgeléist duerch Reflexiounen haten d'Düsen awer ze spéit ofgeschalt, soudatt de Surveyor 3 net mëll opgesat hat, mä dräi kleng „Spréng“ gemaach hat. Den Ofstand tëscht dem éischten an dem zweete Buedemkontakt war ongeféier 20 Meter, tëscht dem zweeten an dem drëtten ongeféier 11 Meter. D'Sond war no der Landung nach zirka 30 cm gerutscht, well de Buedem eng Schréi vu 14 Grad hat. Si war 3 Kilometer vum geplangte Punkt am Oceanus Procellarum gelant, zirka 370 km südlech vum Copernicus-Krater.

No engem Funktiounstest hat Surveyor 3 déi éischt vun am Ganze 6.326 Biller gemaach. Zousätzlech goufen Donnéeë iwwer d'Reflektivitéit vun der Mounduewerfläch, d'Stäerkt vun der Uewerfläch an d'Temperatur vun der Sond gesammelt an iwwermëttelt. Duerch d'Temperatur vun der Sond sollte Réckschlëss op d'Uewerflächentemperatur vum Mound gezu ginn. E Baggerarm hat en 18 cm déiwe Gruef gemaach. Och mat dësem Experiment goufe Réckschlëss op d'Beschafenheet vun der Mounduewerfläch gezunn. Biller vun enger Sonnendäischtert (ausgeléist duerch d'Äerd) goufen och opgeholl.

De Surveyor 3 hat déi lunar Nuecht onbeschiedegt iwwerstanen an hat den nächsten Dag nees Biller an Donnéeë geschéckt. Déi lescht Date goufen de 4. Mee 1967 um 00:04 UT empfaangen.

D'Missioun war en Erfolleg.

Ongeféier 2 Joer méi spéit, den 19. November 1969, war Apollo 12 nëmmen 180 Meter vum Surveyor 3 ewech gelant. D'Astronaute Pete Conrad an Alan Bean ware bei hirem zweeten Asaz den 20. November bis bei Moundsond gaangen. Si hate Biller vun der Sond a vun der Ëmgéigend gemaach an hate ronn 10 Kilogramm Stécker vun der Sond, dorënner och d'TV-Kamera demontéiert.

D'Surveyor-3-Kamera ass am Smithsonian National Air and Space Museum ze gesinn. D'Landeplazen vu Surveyor 3 an Apollo 12 sinn op de Biller vum Lunar Reconnaissance Orbiter ze kucken.

Portal Astronomie

Commons: Surveyor-Programm – Biller, Videoen oder Audiodateien