Tenma

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Tenma (ASTRO-B)
De Weltraumteleskop Tenma
Typ Röntgen-Teleskop
Land Flag of Japan.svg Japan
Agentur Institute of Space and Astronautical Science
Apogeum 503 km
Perigeum 489 km
Bunnschréiegt 31,5°
Mass 216 kg
Bunn-Ëmlafzäit  ? min
Start 20. Februar 1983, 05:10 UTC
Startplaz Kagoshima Space Center
Drorakéit M-3S
Status war den 19. Januar 1989 verglitt

Den Tenma war dat zweet japanescht Weltraumteleskop fir Röntgenastronomie. De Projetnumm ASTRO-B gouf no dem Start an Tenma geännert.

Tenma gouf den 20. Februar 1983 vum Kagoshima Space Center mat enger M-3S-Rakéit gestart a war bis den 11. November 1985 a Betrib, zënter Juli 1984 mat reduzéierter Effektivitéit wéinst engem Batterieproblem. Den 19. Januar 1989 koum d'Tenma nees an d'Äerdatmosphär eran a war verglitt. Dee vum Institute of Space and Astronautical Science entwéckelte Röntgensatellit hat Instrumenter fir de Röntgenberäich tëschent Energië vun 0.1 an 60 keV. Haaptinstrument war ee Gasszintillatiouns-Proportiounalzieler fir 2-60 keV. Mat senger verbesserter Energieopléisung (ongeféier 9.5% bei enger Energie vun 6 keV) konnt d'Tenma d'Röntgenemissiounslinne vun Eisen bei 6.3-6.7 keV an Röntgenduebelstäre, der Mëllechstrooss an aktiv galaktesch Käre ënnersichen.

Um Spaweck [änneren]

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie