Mu (Rakéit)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
M-V-4 Rakéit mat dem Astro-E Satellit (Februar 2000)
D'Mu Rakéite-Famill.
M-V-6 Rakéitestart mam ASTRO-E2 (10. Juli 2005)

Mu resp. M oder Myū (nom 12. griichesche Buschtaf μ) bezeechent eng Serie vu japaneschen Drorakéiten. All d'Rakéite vun der Serie hu mat festen Dreifstoffer funktionéiert goufe vum Uchinoura Space Center aus gestart. Se waren d'Fortsetzung vun der japanescher Entwécklungslinn fir Feststoffrakéite vum ISAS fir wëssenschaftlech Notzlaschten. D'Virleefer goufen och mat griichesche Buschtawe bezeechent.

Fréier japanesch Drorakéite vun der M-Serie[änneren | Quelltext änneren]

1966 gouf mat der M-1 déi éischt Rakéit vun der Serie op engem suborbitalen Fluch getest. Déi folgend Rakéitentypen bis M-V faasst een als M-3 zesummen: 1969 war e suborbitale Start vun M-3D. 1971 (no engem Feelschlag 1970) gouf de 16. Februar mat der véierstufeger M-4S de japanesche Satellit Tansei 1 gestart, weider Starte gouf et bis 1972. Mat dem dräistufegen Nofolger M-3C goufe vun 1974 bis 1979 dräi Satellitten erfollegräich gestart. Déi nächst Generatioun war M-3H, déi Rakéit war vun 1977 bis 1978 am Asaz. Den Nofolger d'M-3S war vun 1980 bis 1984 am Asaz. An de Jore vun 1985 bis 1995 war d'M-3S2 un der Rei.

Variante vun der Drorakéit MU [1][2]
Mu-4S Mu-3C Mu-3H Mu-3S Mu-3SII Mu-V
Startzäitraum 1970-1972 1974-1979 1977-1978 1980-1984 1985-1993 1997-2006
Notzlascht
LEO
180 kg 195 kg 270 kg 290 kg 770 kg 1900 kg
"Startmass
43,5 Tonnen 41,6 t. 48,7 t. 49,5 t. 61,7 t. 140 t.
Opbau 4 Stufe + 8 Booster 3 Stufe + 8 Booster 4 Stufe + 8 Booster 3 Stufe + 8 Booster 4 Stufe + 2 Booster 3 Stufen oder 4 Stufen
Starts
Mësserfolleg
4 Starten 1 Feelstart 4 Starten 1 Feelstart 3 4 8 Starten 1 Feelstart 7 Starten 1 Feelstart
Besonnesches Beschränkt Steierbarkeet Duerchmiesser vergréissert, 2. an 3. Stuf nei erweidert ëm 4. Stuf a Verlängerung vun der 1. Stuf Kleng Ännerungen Neie Booster, 4. Stuf Rakéit komplett nei, 4. Stuf optionell

M-V[änneren | Quelltext änneren]

D'M-V gëtt zanter 1997 gebraucht. Bis elo gouf et zwéi Starten (dovun een erfollegräich) mat der dräistufeger M-V an dräi Starte mat der véierstufeger M-V KM. D'maximal Notzlascht ass 1800 kg an engen 30° - Orbit an 200 km Héicht resp. 1300 kg an engem polaren Orbit an 200 km Héicht fir M-V, 1800 kg an engen 30° - Orbit a 400 km Héicht fir M-V KM (?). D'ganz Mass vun der M-V ass 137.500 kg, déi vun der M-V KM 139.000 kg. Zanter 2003 gëtt eng verbessert M-V Rakéit agesat, déi sech duerch eng nei zweet Stuf vum Ufanksmodell ënnerscheet.

De 26. Juli 2006 hat d'JAXA bekannt ginn, datt d'M-V nom SOLAR-B-Start net méi géif benotzt ginn. Den neien Drorakéitentyp ass eng Mëschung, deen op M-V-Technologien an op der H-IIA baséiert. Den éischte Start vun der neier Drorakéit Epsilon war fir 2010 ugesot, ass awer ëmmer nach am Entwécklungsstadium.[3][4]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: M-V Rakete – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]