Tony Noesen

Vu Wikipedia
Tony Noesen
Gebuer 21. August 1905
Gestuerwen 25. Februar 1944
SS-Sonderlager Hinzert
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Resistenzler

Den Tony Noesen, gebuer den 21. August 1905 an higeriicht am KZ-Hinzert de 25. Februar 1944, war e lëtzebuergeschen Drécker, Scout a Resistenzler.

Liewe virum Krich[änneren | Quelltext änneren]

Den Tony Noesen ass zu Dikrech an d'Primärschoul an an de Kolléisch gaangen. Wéi hie mat der Schoul fäerdeg war, huet hien eng Dréckerei zu Dikrech opgemaach. Hie war Redakter vu senger eegener Zeitung, dem „Fortschritt“, déi och a senger Dréckerei gedréckt gouf. Dëst sollt nach spéider, an der Zäit vun der Resistenz am Zweete Weltkrich vu grousser Bedeitung sinn.

1932 war hien den éischten an deemools eenzege Scout am Land, dee seng Chefausbildung am Gilwell-Park an England gemaach huet an deen d'Recht hat och an eisem Land "Gilwellcoursen" ofzehalen. Den Tony Noesen war am Verband vun de Lëtzebuerger Scouten ganz aktiv. Als Internationale Kommissär huet hien d'Leedung an d'Organisatioun vun de Lëtzebuerger Delegatiounen op de verschiddene Welt-Jamboreeën a Rovermooten iwwerholl, sou zum Beispill:

  • 1929 um 3. Jamboree an England,
  • 1936 hält hien deen éischten nationale Gilwellcamp zu Lëtzebuerg.

Seng Resistenzaktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

Erënnerungsplack an der Kapell zu Hinzert

Nom däitschen Iwwerfall op Lëtzebuerg, den 10. Mee 1940, kruten d'Scouten, wéi vill aner Veräiner zu Lëtzebuerg, et ganz schwéier gemaach. Am Februar 1941 goufe s'am ganze Land verbueden, an en Deel vun hirem Material gouf beschlagnahmt. Dovun hu sech déi meescht Scouten awer net ënnerkréie gelooss a si hu sech weider hanner zouenen Diere getraff. Hei gouf dann och zesumme mat Net-Scoute berode wat ee kéint géint déi däitsch Iwwermuecht ënnerhuelen. Op dës Aart a Weis sinn op verschiddene Plaze Resistenzorganisatiounen entstanen, wourënner d'Letzeburger Vollekslegio'n, déi den Tony Noesen zesumme mam Jang Muller vun Esch-Uelzecht, dem Aloyse Raths vu Biissen an dem Georges Everling vu Gaasperech gegrënnt huet. Wat den Tony Noesen genee an dëser Resistenzorganisatioun gemaach huet ass schwéier erausfannen. Hir riskant Aktiounen hu misse virun den Däitschen a virun de lëtzebuergesche Gielemännercher verstoppt ginn. Wat mat Sécherheet ka gesot ginn ass datt d'LVL, wéi vill aner Resistenzorganisatiounen, gehollef huet Fluchblieder géint déi sougenannt Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941 ze verdeelen. A senger Dréckerei huet hien Honnerte vu falsche Pabeiere fir d'Zwangsrekrutéierten ausgestallt, déi domat an de Minett dirigéiert goufen, fir vun do iwwer d'Grenz a Frankräich oder an d'Belsch geschleist ze ginn.

Fir dem Tony Noesen seng perséinlech Roll ze beschreiwen steet dës Ausso vum Jang Muller: "Tony, du hues Honnerten an Honnerte vun eisen agezunnene Jongen e falsche Pass ausgestallt a se an de Minett dirigéiert, wou se iwwer d'franséisch Grenz bruecht goufen."[Source?] Allerdéngs huet dëst een Enn fonnt, wéi den Tony Noesen verhaft gouf a vum 21. Oktober 1943 bis den 2. November 1943 am Gronn am Prisong gefaange gehale ginn ass. Duerno ass hien, wéi vill aner Lëtzebuerger Patrioten, an d'Konzentratiounslager op Hinzert verschleeft ginn. Hien ass do de 25. Februar 1944 vun der SS am Bësch zu Hinzert no beim KZ higeriicht ginn.

Op der Plaz wou den Tony Noesen an 22 aner Lëtzebuerger Resistenzler erschoss goufe, steet haut ee Gedenksteen. Och um Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm steet e Kräiz fir hien.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • De Grupp vun den Dikrecher Scouten huet vun 1946 bis 1994 den Numm "Scouts Tony Noesen" gedroen, no der Fusioun mat de Guiden heesche se "St.Laurent/Tony Noesen".

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hoffmann, Serge: Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, 158 S.
  • Muller, Carlo: Luxemburg im 2. Weltkrieg, Geschichte für die Primärschule, (um Internet: Referenz um Spaweck), Luxemburg, 1997

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]