University of Arizona

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Old Main, dat eelst Gebai op dem Campus
D'Campus Mall vun der University of Arizona

D'University of Arizona (bekannt och als U of A) ass eng Universitéit zu Tucson an Arizona. Se gouf 1885 gegrënnt, an 1891 mat 32 Studenten opgemaach. Am Joer 2010 waren 39.068 Studenten ageschriwwen. D'Universitéit huet e besonnesch gudde Ruff an de Beräicher Anthropologie, Astronomie, Astrophysik, Analytesch Chimie, Entrepreneurship, Hydrologie, Optik, Apdikt, Philosophie a Planetologie.

Den Eller College of Management, d'Business School, gehéiert no de Rankings vun U.S. News & World Report am Joer 2011 zu de 15 beschte staatleche Business Schoulen an den USA. Zu der University of Arizona gehéiert ënner anerem och déi eenzeg medizinesch Fakultéit an Arizona souwéi eng juristesch Fakultéit, den James E. Rogers College of Law.

Als eenzeg Universitéit an Arizona ass si Member vun der Association of American Universities, engem Verband vu féierende fuerschungsintensiven nordamerikaneschen Universitäten.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1885 gouf d'University of Arizona als éischt Universitéit vum deemolegen Arizona-Territoire gegrënnt, nodeem d'Regierung vun der Territorialverwaltung $25.000 zur Dispositioun gestallt hat. Am éischte Joergank 1891 goufen 32 Studenten immatrikuléiert. D'Virliesunge waren deemools am Gebai "Old Main", dat haut nach am Zentrum vun der Universitéit steet.

Fréier an haiteg Professeren[änneren | Quelltext änneren]

Nobelpräisdréier

Weider Professeren a wëssenschaftlech Mataarbechter

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: University of Arizona – Biller, Videoen oder Audiodateien