Op den Inhalt sprangen

Edmond Joseph Klein: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
Cayambe (Diskussioun | Kontributiounen)
Cayambe (Diskussioun | Kontributiounen)
Linn 23: Linn 23:


==Kuckt och==
==Kuckt och==
* [[Société des naturalistes luxembourgeois]][[http://www.snl.lu]]
{|
{|
|
|

Versioun vum 18:50, 3. Nov. 2007

Den Edmond Joseph Klein, gebuer den 12. Juli 1866 zu Wolz a gestuerwen den 29. Dezember 1942 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Naturwëssenschaftler an Dramatiker. Hien ass den Auteur vun enger ganzer Rëtsch vu wëssenschaftlechen a virun allem populärwëssenschaftlechen Artikelen an de Beräicher vun der Botanik, Zoologie, Agrikultur an der sozialer Hygiène.

Hie gouf och nach Papa Klein genannt.

Säi Liewen

Den Edmond Klein huet no sengem Lycée 1885 am Kolléisch fir d'éischt Philosophie a Philologie studéiert, ier e spéider gewiesselt huet op Agrar- an Naturwëssenschaften. Mat enger Thes iwwert Die Anatomie und die Physiologie der Pflanzen huet hien 1892 säin Doktorat gemaach, ier e fir d'éischt zu Dikrech a vun 1904 zu Lëtzebuerg am Lycée Biologie enseignéiert huet. Bis 1934 huet hie Botanik an Zoologie um Cours supérieurs an der Stad Lëtzebuerg enseignéiert.

Hie war Member vun der Société d'hygiène sociale et scolaire, der Association nationale d'arboriculture et d'horticulture an der Société des amis des musées. Hien huet vun 1923 bis 1940 den Institut Grand-Ducal, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques geleet. Vun 1896 bis 1906 war hien sechs Joer (all zweet Joer) President vun der Société des naturalistes luxembourgeois.

Säi Wierk

Wëssenschaftleches

  • Klein, E.J., 1897. Flora der Heimat.
  • Klein, E.J., 1915. Die Mistel (Viscum album) und ihre Verbreitung im Grossherzogtum Luxemburg. Bull. Soc. Nat. luxemb. 25.1 (Festschrift 1915): 1-80. [1]
  • Klein, E.J., 1916. Hymenophyllum tunbrigense (L.) Sm., das Juwel dees Luxemburger Sandsteins. Ein Beitrag zur Pflanzengeographie des Großherzogtums. Bull. Soc. Nat. luxemb. 26 (1916): 242-245; 190-192; 204-210. [2]
  • Klein, E.J., 1929. Die Verteilung der Flechten- und Moosvegetation auf dem Geländer der Neuen (Adolph-) Brücke. Bull. Soc. Nat. luxemb. 39 (1929): 126-127. [3]

An nach eng ganz Rëtsch aner, virun allem populärwëssenschaftlech Artikelen. Eng détailléiert Bibliographie vum E.J. Klein séngen Artikelen am Bulletin vun der SNL fënnt een hei:

  • Massard, J.A., 1990. Livre du Centenaire. Bull. Soc. Nat. luxemb. 91: 231-309.[4]

Literaresches

  • Klein, J., 1900. Über den Ursprung des Namens Kawéchelchen. Bull. Soc. Nat. luxemb. 10 (1900): 147.

Kuckt och