's-Gravenvoeren

Vu Wikipedia
's-Gravenvoeren
Fouron-le-Comte
D'Voer zu 's-Gravenvoeren
Land Belsch
Regioun Flandern
Communautéit Flämesch Communautéit
Provënz Limburg
Arrondissement Tongeren
Gemeng Voeren
Fläch 13,34 km²
Koordinaten 50° 45’ 00’’ N
      05° 45’ 00’’ O
Postcode 3798

's-Gravenvoeren (fr: Fouron-le-Comte, li: Voere) ass eng Belsch Uertschaft an der Gemeng Voeren an der Provënz Limburg.

's-Gravensvoeren läit am Dall vun der Voer déi matzen duerch d'Uertschaft leeft an déi praktesch an zwee deelt. Si ass do abetonéiert an d'Haiser um rietsen Uwänner sinn nëmmen iwwer Brécken z'erreechen, wat mat sech bréngt datt s'Gravenvoeren eng vun de Belschen Uertschafte mat de meeschte Brécken ass. Et gëtt der eng ronn 40 am Duerf.

Bis zur Belscher Gemengereform vun 1977 war 's-Gravenvoeren eng eegestänneg Gemeng.