Éimeschbaach (Baach)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Baach Éimeschbaach. Fir d'Lieu-dite mam selwechten Numm, kuckt wgl. Éimeschbaach (Lieu-dit).

D'Éimeschbaach ass eng kleng Baach zu Lëtzebuerg, am Éislek an der Gemeng Wëntger.

Si entsteet aus dem Zesummefloss vum Houfelter Kanal an der Helzenerbaach um Flouer Helzerwiss nordëstlech vun Houfelt op enger Héicht vu 429 Meter. Ronn 200 Meter duerno deelt se sech um Flouer Kouprich an zwéin Äerem, fir duerch eng Supp weiderzelafen, wou se och e puer Weiere fiddert.

Eng honnert Meter duerno kënnt vu lénks hir eenzeg Niewebaach dragelaf, déi vum Flouer Pesch südlech vu Weiler kënnt.

Eng ronn 300 Meter méi déif, ännert se hir Direktioun déi bis dohi südlech war, no Westen, bis op d'Héicht vun den Aasselbuerer Leekollen. Do dréint se dann erëm no Süden, fir net wäit ewech vun der Leeresmillen op enger Héicht vu 412 Meter an d'Trëtterbaach ze lafen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Éimeschbaach (Baach) – Biller, Videoen oder Audiodateien