Évrange

Vu Wikipedia
Évrange
lb: Iewrengen
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Thionville
Kanton Yutz
Postcode 57570
Gemengecode 57203
Koordinaten 49° 30’ 08’’ N
      06° 11’ 48’’ O
Fläch  225 ha
Bevëlkerung  190 (2007)

Évrange, op Lëtzebuergesch Iewrengen, ass eng franséisch Grenzuertschaft a Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est. Si mécht d'Grenz mat Lëtzebuerg bei Fréiseng.

D'Duerf gouf am Joer 963 fir d'éischt als Ebiringon ernimmt, a war no dem Wiener Kongress eng lëtzebuergesch Exklav op franséischem Gebitt. Den 28. Mäerz 1820 huet Lëtzebuerg d'Uertschaft u Frankräich zeréckginn.

Den Uert, deen zum Arrondissement Diddenuewen gehéiert, huet 191 Awunner (Stand 2005).

Évrange läit béidsäiteg vun der franséischer RD53 fréier Nationale 53 an domat op der Voie de la Liberté.

Korjéis ass datt et zu Iewrengen zwou Maarke mat dem selwechte Numero gouf, an zwar N° 26. Eng dovu stoung praktesch op der Grenz an déi aner 300 Meter dovun ewech an der Uertschaft op der Gafel wou et op Präisch geet. Wéi am Joer 2009, wéinst dem Deklassement vun der Nationalstrooss d'Signalisatioun frëschgemaach gouf, goufen déi al bëtongs Kilometersteng vun der Voie de la Liberté duerch plastikser ersat, an et ass nëmme méi ee mat dem Numero 26 bliwwen.

Nopeschuertschaften[änneren | Quelltext änneren]

Gemeng
Kierch
Déi fréier Schoul

Kuckt och[Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]