(1272) Gefion
Ausgesinn
| Eegenschafte vum Orbit | |
|---|---|
| Orbittyp |
Haaptasteroidenceinture Gefion-Asteroiden |
| Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
| Grouss Hallefachs | 2,7844 AE |
| Exzentrizitéit | 0,1519 |
| Sideresch Ëmlafzäit | 4,646 a |
| Mëttel Bunnvitess | 17,85 km/s |
| Inklinatioun | 8,427 Grad |
| Physikalesch Eegenschaften | |
| Absolut Hellegkeet | 12,9M |
| Spektralklass | S |
| Entdeckung | |
| Entdecker | K. Reinmuth |
| Entdeckungsdatum | 10. Oktober 1931 |
| Plaz | Landesobservatoire Heidelberg-Königstuhl |
| Aner Bezeechnungen | 1931 TZ1, A917 SF |
Den (1272) Gefion ass en Asteroid vun der Haaptceinture.
Den Objet gouf den 10. Oktober 1931 vum däitschen Astronom Karl Wilhelm Reinmuth um Landesobservatoire Heidelberg-Königstuhl vun der Universitéit Heidelberg entdeckt. Den Numm vum Asteroid steet fir den Numm vun der Gefion-Famill, enger Grupp vun Asteroiden déi an der mëttlerer Haaptceinture sinn. Hir Membere gehéieren zum S-Typ. Fréier gouf d'Grupp och als Ceres-Famill bezeechent (no (1) Ceres) a Minerva-Famill (no (93) Minerva).
Den Numm vum Asteroid ass vum Gefion-Sprangbur aus der dänescher Haaptstad Kopenhagen ofgeleet. De Gefion ass eng Figur aus der nordescher Mythologie.