(15) Eunomia

Vu Wikipedia
(15) Eunomia
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,642 A.E.
Exzentrizitéit 0,1882
Sideresch Ëmlafzäit 4 a 108 d
Mëttel Bunnvitess 18,2 km/s
Inklinatioun 11,74 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser zirka 272 km
Mass 9,35 • 1019 kg
Rotatiounsperiod 6,08 h
Albedo 0,21
Absolut Hellegkeet 5,3M
Spektralklass S
Entdeckung
Entdecker Annibale de Gasparis
Entdeckungsdatum 29. Juli 1851
Plaz Neapel


Den (15) Eunomia ass en Asteroid aus der Haaptasteroidenceinture.

E gouf den 29. Juli 1851 vum Annibale de Gasparis am Stärebild Sagittarius entdeckt.

Den Eunomia gouf no der Eunomia, enger Hore, Duechter vum Zeus an der Themis aus der griichescher Mythologie, genannt.

Den Eunomia gehéiert mat engem Duerchmiesser vun 272 Kilometer zu de gréissten Asteroide vun der Haaptceinture. Den Asteroid huet eng Albedo vun 0,21. Hie rotéiert an zirka 6,083 Stonne ëm seng eegen Achs.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]