(26375) 1999 DE9
Ausgesinn
| Eegenschafte vum Orbit | |
|---|---|
| Orbittyp | Transneptuneschen Objet |
| Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
| Grouss Hallefachs | 55,723 AE |
| Exzentrizitéit | 0,420 |
| Sideresch Ëmlafzäit | 415,96 a |
| Inklinatioun | 7,618 Grad |
| Physikalesch Eegenschaften | |
| Duerchmiesser | zirka 500 km |
| Absolut Hellegkeet | 4,7M |
| Entdeckung | |
| Entdecker | Jane Luu, Chad Trujillo |
| Entdeckungsdatum | 20. Februar 1999 |
| Plaz | Kitt-Peak-Observatoire |
Den (26375) 1999 DE9 ass en transneptuneschen Objet, deen den 20. Februar 1999 vum Jane Luu an dem Chad Trujillo um Kitt-Peak-Observatoire entdeckt gouf.
Hie steet an enger 2:5-Resonanz zum Neptun. Den Duerchmiesser vum 1999 DE9 gëtt op ronn 500 Kilometer geschat. Spektroskopesch Ënnersich hunn Hiweiser op e puer Prozent Waasseräis erginn. En ettlech Resultater loosse weider op Hydroxygruppe schléissen.