(274301) Wikipedia
Ausgesinn
|
| |
| Eegenschafte vum Orbit | |
|---|---|
| Orbittyp | Haaptceintureasteroid |
| Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
| Grouss Hallefachs | 2,3829 AE |
| Exzentrizitéit | 0,1459 |
| Sideresch Ëmlafzäit | 3,68 a |
| Inklinatioun | 6,7298 Grad |
| Physikalesch Eegenschaften | |
| Absolut Hellegkeet | 16,9 |
| Entdeckung | |
| Entdecker | Astronomen am Observatoire zu Andruschiwka |
| Entdeckungsdatum | 25. August 2008 |
| Aner Bezeechnungen | 2008 QH24 |
Den (274301) Wikipedia ass en Asteroid vun der Haaptceinture. Hie gouf de 25. August 2008 um 22:47 Auer UTC am astronomeschen Observatoire Andruschiwka entdeckt. De privaten Observatoire am ukraineschen Andruschiwka gouf am Joer 2001 gebaut.
Den Numm
[änneren | Quelltext änneren]Den Asteroid ass nom Onlinelexikon Wikipedia genannt ginn. De Virschlag vum Numm koum vum Comiteesmember Andrij Makucha, vun der ukrainescher Wikimedia[1]. De Virschlag gouf vum Proprietär vum Observatoire, Jurij Iwaschtschenko agereecht. De 27. Januar 2013 huet d'International Astronomesch Unioun (IAU) den Numm eestëmmig akzeptéiert a publizéiert[2].
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (en) Astronomische Daten von (274301) Wikipedia
- (en) (274301) Wikipedia in der Small-Body Database des Jet Propulsion Laboratory der NASA am California Institute of Technology
- (en) Discovery Circumstances von (274301) Wikipedia op der Säit vum Minor Planet Center vun der Internationaler Astronomischer Unioun beim Harvard-Smithsonian Center for Astrophysics

Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Meldung auf regionews.ua vom 31. Januar 2013 (ukrainisch und russisch)
- ↑ Veröffentlichung des Minor Planet Centers vom 27. Januar 2013, Seite 467 (PDF, (en))