1E161348-5055

Vu Wikipedia
Foto vum 1E161348-5055 am Zentrum vun RCW 103 (a blo) am Röntgenstraleberäich.

Den 1E161348-5055 ass en Neutronestär an der Mëtt vum Supernovarescht RCW103 am Stärebild Norma um südleche Stärenhimmel. E gouf vum High Energy Astronomy Observatory 2 Röntgenteleskop entdeckt. Weider Observatiounen am Röntgenberäich bei engem Stralungsausbroch am Juni 2016 mat de Fuerschungssatellitten XMM-Newton, Chandra, Swift an NuSTAR konnt seng Ëmdréiungsvitess vun enger Ëmdréiung all 6,7 Stonne bestëmmt ginn. Domat ass hie mat Ofstand dee Pulsar deen am luesten dréint. D'Miessunge spriechen ausserdeem dofir datt et e Magnetar ass[1]. De Stär ass ongeféier 10.000 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech an entstoung viru ronn 2000 Joer. Wéi sech an där (am astronomesche Moossstaf) kuerzer Zäit d'Dréivitess sou reduzéiere konnt, ass de Fuerscher nach onkloer.[2] Méiglecherweis war den 1E161348-5055 sou no beim Gas- a Stëbsniwwel dee ronderëm läit, datt en dee mat a Rotatioun versat huet an doduerch selwer séier u Rotatiounsenergie verluer huet. Eng aner Erklärung ass, datt den Neutronestär nach ee bis elo onbekannte Stär als Begleeder huet. Dann hätten d'Wëssenschaftler mat der Rotatiounszäit vu 6,7 Stonnen net d'Eegendréiung vum Stär gemooss, mä d'Zäit, mat där sech déi béid Stären ëmeneen dréien[3].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. A. D'Aì, P. A. Evans, D. N. Burrows, N. P. M. Kuin, D. A. Kann, S. Campana, A. Maselli, P. Romano, G. Cusumano, V. La Parola, S. D. Barthelmy, A. P. Beardmore, S. B. Cenko, M. De Pasquale, N. Gehrels, J. Greiner, J. A. Kennea, S. Klose, A. Melandri, J. A. Nousek, J. P. Osborne, D. M. Palmer, B. Sbarufatti, P. Schady, M. H. Siegel, G. Tagliaferri, R. Yates, S. Zane: Evidence for the magnetar nature of 1E161348−5055 in RCW103. In: Monthly Notices of the Royal Astronomical Society. 463, 2016, S. 2394.
  2. Spektrum der Wisserschaft, November 2016, S. 8, Extrem luese Pulsar
  3. wissenschaft.de: Langsamer Kreisel im All - Bild der Wissenschaft, gekuckt den 28. Oktober 2016