2007 WD5

Vu Wikipedia
2007 WD5
Orbittyp Apollo-Asteroid
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Grouss Hallefachs 2,54 A.E.
PerihelAphel 1,01016 – 4,07 AE
Exzentrizitéit 0,603
Inklinatioun 2,37 Grad
Sideresch Ëmlafzäit 4,05 a
Mëttel Bunnvitess 18,69 km/s
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 50 m
Mass ? kg
Albedo
Mëttel Dicht ? g/cm3
Rotatiounsperiod
Absolut Hellegkeet 24,308 mag
Spektralklass ?
Entdeckung
Entdecker Catalina Sky Survey
Datum 20. November 2007
Aner Bezeechnungen

Den 2007 WD5 ass en äerdnoen Asteroid, deen den 20. November 2007 vum Catalina Sky Survey entdeckt gouf. Seng elliptesch Bunn reecht bis op déi aner Säit vun der Marsëmlafbunn an d'Haaptasteroidenceinture eran. Säi sonnenächste Bunnpunkt ass knapps bannenzeg vun der Äerdbunn. De Perihel ass eppes méi grouss wéi eng Astronomesch Eenheet, awer déi elliptesch Äerdbunn kräizt den Asteroid trotzdeem. Domat gehéiert hien zu der Grupp vun den Apollo-Asteroiden. Mat sengem Duerchmiesser vu ronn 50 Meter ass hien e relativ klengt Objet. Trotzdeem gëtt hie méi genee observéiert, well seng Bunn no laanscht d'Äerd leeft. Weider Observatioune vun de Wëssenschaftler hunn erginn, datt den Asteroid keng Gefor fir d'Äerd duerstellt.

Méiglech Kollisioun mam Mars[änneren | Quelltext änneren]

Eng méiglechKollisioun mam Mars

Bei der Bunnbestëmmung gouf awer festgestallt, datt den Asteroid de Mars vläicht treffe kéint. Den 30. Januar 2008 géint 12 Auer UTC koum et zu engem noe Rendez-vous. Hie war op enger Distanz vu 26.000 Kilometer laanscht de Planéit geflunn. Dat bedeit eng Distanz vu ronn siwe Marsradien zu der Uewerfläch.[1]

Sou eng Kollisioun hätt e Krater vun zirka 800 Meter Duerchmiesser gemaach. Am Joer 1908 an der Tunguska a Sibirien soll en änlech groussen Asteroid mat der Äerd kollidéiert sinn. Dobäi entstoung awer kee Krater, well sech den Objet an der dichter Atmosphär opgeléist hat, ir et op de Buedem opgeschloen hat. D'Marsatmosphär ass méi dënn wéi déi vun der Äerd. Hei géif den Asteroid de Buedem treffen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. NASA Near-Earth Object Program, 9. Januar 2008