2012 KT42
Ausgesinn
2012 KT42 | |
---|---|
Orbittyp | Apollo-Asteroid |
Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
Grouss Hallefachs | 1,3446 A.E. |
Perihel – Aphel | 0,6456 – 2,0436 AE |
Exzentrizitéit | 0,5198 |
Inklinatioun | 0,3541 Grad |
Sideresch Ëmlafzäit | 1,56 a |
Mëttel Bunnvitess | |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | ca. 4 bis 10 m |
Absolut Hellegkeet | 28,8 mag |
Entdeckung | |
Entdecker | Alex R. Gibbs |
Entdeckungsdatum | 28. Mee 2012 |
Aner Bezeechnungen |
2012 KT42 ass en äerdnoen Asteroid vum Typ Apollo. Hie gouf den 28. Mee 2012 vum Alex R. Gibbs um Mount-Lemmon-Observatoire mam Catalina Sky Survey entdeckt. 2012 KT42 huet d'Äerd den 29. Mee 2012 op enger Distanz vu ronn 14.400 km passéiert.[1]. Domat koum hien der Äerd méi no wéi d'Ëmlafbunn vun de geostationäre Satellitten. Hien huet e geschaten Duerchmiesser vu 4 bis 10 Meter.
Et bestoung keng Kollisiounsgefor mat der Äerd an den Asteroid gouf den 30. Mee 2012 aus der Iwwerwaachungslëscht vun der NASA gestrach[2].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Physikalesch Eegenschafte vum 2012 KT42 op nasa.gov
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Neuentdeckter Asteroid passiert die Erde Autor:universetoday.com Datum:29. Mai 2012 (en)
- ↑ Sentry Risk Table Autor:NASA/JPL Near-Earth Object Program Office, abgerufen am 30.10.2012