Op den Inhalt sprangen

Mount Lemmon Observatoire

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Mount-Lemmon-Observatoire)
Mount Lemmon Observatoire
De Mount Lemmon Observatoire
Typ Astronomeschen Observatoire
Bedreiwer Steward Observatory
MPC-Code G84
Websäit https://skycenter.arizona.edu
Instrumenter
Geographesch Situatioun
Land Vereenegt Staate vun Amerika
Koordinaten 32°26'31"N, 110°47'20"W
Héicht 2.791 m

De Mount Lemmon Observatoire Mount Lemmon Observatory (MLO), och als Mount Lemmon Infrared Observatory bezeechent, ass en astronomeschen Observatoire op enger Héicht vun 2.790 m um Bierg Mount Lemmon an de Santa Catalina Mountains, ongeféier 28 Kilometer nord-ëstlech vun Tucson am US-Bundesstaat Arizona. D'Anlag am Coronado National Forest, déi en ettlech onofhängeg Teleskopen ëmfaasst, gëtt vum Steward Observatoire vun der Universitéit vun Arizona bedriwwen a krut dofir eng Spezialautorisatioun vum U.S. Forest Service.

Geschicht vum Observatoire

[änneren | Quelltext änneren]

De Mount Lemmon Observatoire gouf 1954 ufanks als Radarstatioun vun der Air Defense Command mat der Bezeechnung Mount Lemmon Air Force Station gebaut. Nodeem en 1970 un de Steward Observatoire ugeschloss gouf, gouf d'Anlag an en Infrarout-Observatoire ëmgebaut. Bis 2003 gouf ee vum Fort Huachuca aus gesteierte Radartuerm fir Observatioune vu Rakéitestarte vun der White Sands Missile Range an New Mexico a vun der Vandenberg Air Force Base a Kalifornie gebraucht.

Instrumentéierung

[änneren | Quelltext änneren]

Um Mount Lemmon ginn am Ganze 7 Teleskope bedriwwen, wouvun déi wichtegst hei hannendrun opgezielt sinn:

Portal Astronomie

 Commons: Mount Lemmon Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Asteroid 2011 AG5 - A Reality Check (NASA) Archivéiert de 16.04.2021. Gekuckt den 28.06.2012.