2015 TB145

Vu Wikipedia
2015 TB145
>
Radarbild vum 30. Oktober 2015
Orbittyp Apollo-Typ
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Grouss Hallefachs 2,1104 A.E.
PerihelAphel 0,2947 – 3,9260 AE
Exzentrizitéit 0,8603
Inklinatioun 39,6790 Grad
Sideresch Ëmlafzäit 3,07 Joer
Mëttel Bunnvitess ?  km/s
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser zirka 600 m
Mass
Albedo 0,06
Mëttel Dicht
Rotatiounsperiod ongeféier 5 Stonnen
Absolut Hellegkeet 19,9 mag.[1]
Spektralklass
Entdeckt mat Pan-STARRS 1 um Haleakalā
Entdeckungsdatum 10. Oktober 2015

Den 2015 TB145 (oder Halloween-Asteroid) ass en Asteroid, deen den 10. Oktober 2015 mm Groussteleskop-System Pan-STARRS vum Haleakalā Observatoire entdeckt gouf. Well hien d'Äerdbunn op ganz kuerzer Distanz kräizt, gëtt hien als äerdnoen a potentiell geféierlechen Objet agestuuft.

Deen ongeféier 600 m grousse, bal kugelfërmegen Asteroid huet d'Äerd den 31. Oktober 2015 um 17:01 UTC (18:01 mëtteleuropäescher Zäit) op enger Distanz vun zirka 1,27 Äerdmounddistanzen (480.000 km) mat enger Vitess vun 35 km/s relativ zu der Äerd passéiert. E konnt net mat bloussem A gesi ginn. Wéinst dem Datum gëtt den 2015 TB145 och als "Halloween-Asteroid" bezeechent.

Bunn[änneren | Quelltext änneren]

D'Bunn, op där sech den 2015 TB145 ëm d'Sonn beweegt, ass staark schréi géint de Plang vun der Ekliptik, an där sech d'Äerd an d'Planéite beweegen. Den 2015 TB145 beweegt sech wärend sengem Rendez-vous mat der Äerd a Richtung Sonn, woubäi den Asteroid op senger Bunn der Sonn méi no kënnt wéi de Planéit Merkur. Nom Ëmlaf ronderëm d'Sonn distanzéiert hie sech ongeféier véiermol sou wäit vun der Sonn wéi d'Äerd.

D'Bunnduerstellung beim Lanschtfluch bei der Äerd. D'Zäite stinn an UTC (= MEZ minus 1 Stonn)
Den Orbit vum Asteroid duerch d'Sonnesystem

Eegerotatioun[änneren | Quelltext änneren]

Den Halloween-Asteroid rotéiert ëm sech selwer mat enger Period vun zirka fënnef Stonnen.

De Wee vum Asteroid duerch d'Stärebiller beim Passage vun der Äerd[änneren | Quelltext änneren]


Eng Animatioun vum Laanschtfluch bei der Äerd

Äerdbunnkräizer[änneren | Quelltext änneren]

Den 2015 TB145 war mat der 1,3-facher Äerd-Mound-Distanz zimmlech no laanscht d'Äerd geflunn. Hie wäert der Äerd bei de nächsten Ëmleef net méi sou no kommen[2]

Et gëtt geschat, datt 5.000 äerdbunnkräizend Objete an der Gréisstenklass wéi den 2015 TB145 op enger Bunn ëm d'Sonn ënnerwee sinn, ettlecher och, déi nach net entdeckt sinn.

Am Verglach zu aneren Objete gouf den 2015 TB145 eréischt spéit entdeckt. Vergläichbar grouss Asteroiden oder Koméiten, gi meeschtens schonn bei Distanzen ab 2,5 AE (dat heescht Sonn-Äerd-Distanzen) entdeckt.[3]

Wann en Objet vun der Gréisst wéi den 2015 TB145 op der Äerd géif aschloen, da wier dat eng kontinental Katastroph. Zum Verglach: De Meteorit, dee viru 15 Millioune Joer beim Ries-Evenement ageschloe war, hat zirka 1,5 km Duerchmiesser. Beim Tunguska-Evenement am Joer 1908 war en Asteroid vun nëmmen zirka 50 m Duerchmiesser erofgefall. De Meteor vun Tscheljabinsk hat nëmmen 20 m Duerchmiesser.

Objet[änneren | Quelltext änneren]

Déi ongewéinlech Bunn vum 2015 TB145 mécht eng sécher Gruppéierung zimmlech schwéier. No Observatioune vum 31. Oktober reflektéiert den Objet ongeféier 6 % vum Sonneliicht, dat op hie fält. Dat féiert zu der Charakteriséierung als en urspréngleche Koméit. Well bis elo keng Koma bekannt ass, gëtt den 2015 TB145 entspriechend als "doudege Koméit" gefouert, dee seng flüchteg Bestanddeeler am Laf vu virausgoender Sonnenëmleef verluer huet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Minor Planet Center
  2. ssd.jpl.nasa.gov
  3. http://www.esa.int/ger/ESA_in_your_country/Germany/Halloween-Asteroid_fliegt_an_der_Erde_vorbei