4. Joerdausend v. Chr.
Ausgesinn
5. Joerdausend v. Chr. | 4. Joerdausend v. Chr. | 3. Joerdausend v. Chr. |
40. Joerhonnert v. Chr. |
39. Joerhonnert v. Chr. |
38. Joerhonnert v. Chr. |
37. Joerhonnert v. Chr. |
36. Joerhonnert v. Chr.
35. Joerhonnert v. Chr. |
34. Joerhonnert v. Chr. |
33. Joerhonnert v. Chr. |
32. Joerhonnert v. Chr. |
31. Joerhonnert v. Chr.
Epochen
[änneren | Quelltext änneren]- Enn vun der Mëttelsteenzäit, mesolithesch Jeeër-Fëscher-Sammler-Gruppen.
- Ufank vun der Megalithkultur an Europa.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 40. Joerhonnert v. Chr.: Grënnung vun der Stad Ur a Mesopotamien.
- 38. Joerhonnert v. Chr.: Zivilisatioun vu Kreta.
- 3761 v. Chr.: Ufank vun der jiddescher Zäitrechnung.
- 35. Joerhonnert v. Chr.: D'Sahara fänkt un zur Wüst ze ginn.
- D'Virfahre vun den Inuit wanderen iwwer d'Beringstrooss vun Asien an Alaska.
- An Egypten bilde sech zwee Kinnekräicher, Ënneregypten am Nildelta an Ueweregypten am Nildall. Géint der Enn vum 4. Joerdausend v. Chr. ginn déi zwee Kinnekräicher vum Pharao Menes vereenegt. D'egyptescht Räich geet du bis zum Sinai.
Wichteg Persounen
[änneren | Quelltext änneren]- ëm 3300 v. Chr.: Ötzi, an eng Gletscherspléck gefall an der Géigend wou haut d'Grenz tëscht Éisträich an Italie verleeft, an 1991 als immens gutt erhalen Äismumie entdeckt ginn.
Erfindungen an Entdeckungen
[änneren | Quelltext änneren]- Éischt cuneiform Schrëft an de Stied Uruk a Susa. Hieroglyphen an Egypten.
- D'Kurgan Kultur um Gebitt vum haitege Südrussland an der Ukrain domestizéiert d'Päerd an erfënnt de Won.
- D'Rief (vitis vinifera) gëtt a Mesopotamien kultivéiert. Déi meescht vun den haitegen Drauwenzorte stame vun hir of.
- ëm 3200 v. Chr.: Domestiziéirung vum Haushung an Indien.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 4th millennium BC – Biller, Videoen oder Audiodateien |