Association des parents d'enfants mentalement handicapés

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) APEMH)

D'Association des parents d'enfants mentalement handicapés (APEMH) ass eng lëtzebuergesch Associatioun, déi 1967 vun Eltere vu Kanner mat engem Handicap gegrënnt gouf. Am Joer 1986 gouf aus der Asbl eng Fondatioun, d'Fondation APEMH. Dës Fondatioun regroupéiert véier Asblen:

  • APEMH Société Coopérative, 1987 gegrënnt
  • APEMH Formation et Travail, 1996 gegrënnt
  • APEMH Hébergement et Services, 2007 gegrënnt
  • APEMH Home Service, och 2007 gegrënnt.

D'APEMH konzentréiert sech haaptsächlech op Leit mat geeschtegem Handicap. No de Grënner ass hir Haaptmissioun, d'Rechter an d'Interesse vun dëse Leit ze verteidegen, geneesou wéi d'Gestioun vun verschiddene Strukturen a Servicer, dat heescht deene betraffene Leit d'Méiglechkeet ginn, an der Gesellschaft integréiert ze ginn.

D'APEMH ass zu Lëtzebuerg mat fënnef Strukturen, déi duerch d'ganzt Land verdeelt sinn, ganz gutt vertrueden a bitt Servicer fir all Alter un: vun zwéi Méint u kënnen handicapéiert Kanner an der Maison Relais TOPOLINO opgeholl ginn, Erwuessener kënne bis zu hirem Doud an de Strukture bleiwen, sief et am Accueil de Jour oder an engem fixe Gebai, wou se kënne schlofen.

Servicer[änneren | Quelltext änneren]

D'APEMH bitt an deene verschiddene Strukturen ënnerschiddlech Servicer un, wéi zum Beispill eng Wunnecht iwwert eng länger Dauer. Se bidden awer och den Accueil temporaire un, wou ee fir e puer Deeg kann hi goen a gär opgeholl gëtt. Doniewent gëtt et awer och de sougenannten Accueil de jour, wou een ëmmer nëmme fir een Dag higeet a mat dem Personal bei verschiddenen Ateliere matmaache kann.

D'APEMH bitt awer net nëmme Servicer op feste Plazen un, mä reest och am Lëtzebuerger Land ronderëm, beispillsweis mam Service d'Accompagnement et de Suivi (SAS). Hei kréien déi geeschteg handicapéiert Leit eng Ënnerstëtzung am Alldag doheem.

Dëse Service gëtt gär mam Service de Soutien et Aide à Domicile (SeSAD) verwiesselt. Bei dem SeSAD handelt et sech ëm e Service, dee sech éischter ëm déi méi technesch a maschinell Hëllef bei engem doheem këmmert.

De Service spécialisé d'accompagnement et de soutien de personnalité (SCAF) riicht sech un Eltere mat handicapéierte Kanner, oder awer un handicapéiert Erwuessener mat Kanner, déi och entweeder een Handicap hunn oder net. Heibäi handelt et sech also éischter ëm eng Hëllef fir déi Erwuessen.

TOPOLINO nennt sech d'Maison Relais zu Nidderkuer, déi sech ëm Kanner mat Entwécklungsproblemer oder aner Schwächte këmmert, an dat fir Kanner am Alter tëschent zwéi Méint a véier Joer.

Ee weidere Service fir déi Jonk ass de Centre d'Activités, de Réadaptation et de Rencontre (CARR). Dëse Service gëtt ugebuede fir Jonker tëschent 5 a 16 Joer niewent der Schoul.

Siten[änneren | Quelltext änneren]

Centre Nossbierg[änneren | Quelltext änneren]

Den Domaine du Château vun der APEMH aus der Loft gesinn (2006)

De Foyer Centre Nossbierg zu Esch-Uelzecht gouf de 15. Dezember 1972 opgemaach an ass wuel déi gréisst Struktur vun der APEMH hei zu Lëtzebuerg. Hei fënnt een ënner anerem deeglech Aktivitéiten, en Accueil de Jour an de CARR. Dëse Centre besteet aus aacht Gebaier, déi all ganz no beienee leien.

Domaine du Château[änneren | Quelltext änneren]

Am Domaine du Château zu Betteng op der Mess am Bettenger Schlass fënnt ee verschidden Ateliers protégés, wéi zum Beispill eng Gäertnerei, e Keramik-Atelier, eng Metzlerei oder e landwirtschaftleche Betrib.

Parc Housen[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2003 gouf dëse Foyer am Norde vum Land a Betrib geholl. Hei gi Jonker nieft der Schoul hin, an awer och Erwuessener, wou si a verschiddenen Atelieren, wéi zum Beispill dem Schräineratelier oder der Restauratioun, beschäftegt ginn.

Märchepark Beetebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Och am bekannte Beetebuerger Märchepark ginn handicapéiert Leit beschäftegt, sief et am Ëmgang mat den Déieren oder awer an der Restauratioun oder dem Sanitaires-Beräich.

Domaine de Limpach[änneren | Quelltext änneren]

Dëse Foyer Domaine zu Lampech ass nach am Plangen, respektiv am Bauen, mä soll, wann e fäerdeg ass, eng 200 Leit ophuelen. Hei sollen och Atelieren entstoen, déi zum Beispill dem Ëmgang mat Déieren, Restauratioun an eng Bäckerei ubidden.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]