Op den Inhalt sprangen

Abdelmalek Sellal

Vu Wikipedia
Abdelmalek Sellal
Gebuer 1. August 1948
Constantine
Nationalitéit Algerien
Educatioun National School of Administration
Aktivitéit Politiker, Diplomat
Fonctioun Premierminister vun Algerien, Ambassadeur

Den Abdelmalek Sellal (ar: عبد الـمالك سلال), gebuer den 1. August 1948 zu Constantine an Algerien, ass en algeereschen Diplomat a Politiker.

Hien huet op der algeerescher Verwaltungs-Héichschoul Diplomatie studiéert a gouf duerno Wali vu Boumerdès, Adrar, Sidi-Bel-Abbès, Oran a Laghouat. Hie war och algeereschen Ambassadeur an Ungarn, an duerno Inneminister, Minister fir Gemengen, Ëmwelt, Jugend a Sport, ëffentlech Aarbechten Transport a Waasserressourcen.

Den 3. September 2012 gouf en zum Premierminister ernannt, nodeem säi Virgänger Ahmed Ouyahia zeréckgetruede war[1].

  • 2012: Regierungschef
  • 2010-2012: Minister fir Waasserressourcen
  • 2009: Direkter vum Abdelaziz Bouteflika senger Walcampagne
  • 2004-2009: Minister fir Waasserressourcen
  • 2004: Direkter vum Abdelaziz Bouteflika senger Walcampagne
  • 2002-2004: Transportminister
  • 2001-2002: Minister fir ëffentlech Aarbechten
  • 1999-2001: Jugend- a Sportminister
  • 1998-1999: Minister fir den Interieur, Gemengen an Ëmwelt
  • 1996-1997: Ambassadeur zu Budapest (fir Ungarn, Kroatien a Slowenien)
  • 1995-1996: Chef de cabinet vum Ausseminister
  • 1994-1995: Directeur des ressources am Ausseministère
  • 1989-1994: Wali hors cadre am Inneministère
  • 1984-1989: Wali vun Adrar, Sidi Bel Abbes, Oran, Boumerdes a Laghouat
  • 1977: Chef vun der Daïra zu Tamanrasset an zu Arzew
  • 1976: Cconseiller vum Erzéiungsminister
  • 1975: Chef de cabinet vun der Wilaya Guelma

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Algérie: Abdelmalek Sellal nommé PM, Le Figaro, 3. September 2012.