Afepouken
Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn! |
Mpox[1], uganks Afepouken oder Afepoukekrankheet genannt, ass eng viral Krankheet déi vum Afepoukevirus (offiziell monkeypox virus, MPV, vereelzt Orthopoxvirus simiae) verursaacht gëtt. Als natierleche Wiert (Reservoir) vum Virus ziele verschidde Knabberdéieren, falsch Reservoire sinn d'Afen, vun deenen de Virus den Numm huet.
D'Kränkt kann och op d'Mënschen iwwerdroe ginn (Zoonos) a léist bei deene gemenkerhand eng liicht poukenänlech Erkrankung mat Féiwer aus. Dokumentéiert sinn awer och méi schwéier Krankheetsverleef. Eng Poukenimpfung reduzéiert de Risiko vun engem Ausbroch vun der Krankheet am Fall wou ee mam Virus a Kontakt kéim.
D'Afepouke ginn an der internationaler statistescher Klassifikatioun vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) ënnert dem Code B-04 “Monkeypox” gefouert[2].
Symptomer
[änneren | Quelltext änneren]An der Inkubatiounszäit (5 - 21 Deeg) gëtt et praktesch keng Symptomer. Duerno kritt ee Féiwer, dat dacks ganz séier eropgeet, grippenänlech Symptomer (Kappwéi, Arthralgien (Muskelpéng)), Schwëlle vun de Lymphkniet an déi typesch Pautschen op der Haut, déi sech vum Kapp aus no ënnen um Kierper ausbreeden.
Iwwerdroungsweeër
[änneren | Quelltext änneren]D'Iwwerdroung vum Déier op de Mënsch kann iwwer de Kontakt mat Hautlesiounen a Kierperflëssegkeeten oder d'Manipulatioun vun infizéiertem Déierefleesch geschéien. Vu Mënsch op Mënsch geschitt d'Iwwerdroung iwwert grouss Drëpsen aus dem Mond (Tröpfcheninfektioun) bei enkem Kierperkontakt an héchstwarscheinlech och iwwer aner Kierperflëssegkeeten.
Ausbreedung
[änneren | Quelltext änneren]1970 gouf den éischte mënschleche Fall vun Afepouken am Kongo beschriwwen, wou e Puppelche vun néng Méint krank war. Zanterhier gouf et sporadesch ëmmer nees Fäll a West- an Zentralafrika. Bis 2022 waren der Weltgesondheetsorganisatioun Krankheetsfäll aus eelef afrikanesche Länner bekannt.
Am Mee 2022 koum et zu engem groussen Ausbroch vun Afepouke baussent den endeemesche Gebidder an Afrika an déi éischt Fäll goufen a Groussbritannien, Spuenien, Portugal, USA, Kanada, der Belsch, Schweden, Däitschland, Éisträich an der Schwäiz gemellt. Wat an dëse Fäll bemierkenswäert war, dat war datt déi krank Leit keng direkt Rees-Anamnes haten.
De 15. Juni 2022 ass och deen éischte Fall zu Lëtzebuerg festgestallt ginn.[3] Zanterdeem goufen, bis uganks September, am Ganze 55 Fäll gemellt, déi, bis op dräi, allgemeng liicht verlaf sinn. Zanterhier si keng nei Fäll bäikomm[4] (Stand:Nov. 2022)
Nodeems Enn 2023 eng nei Virusvariant am Oste vun der Demokratescher Republik Kongo an duerno an Uganda, Ruanda, Burundi an am Kenia entdeckt gouf, huet d'WHO Mëtt August 2024 Mpox als ëffentleche Gesondheetsnoutfall vun internationaler Wichtegkeet deklaréiert. Déi nei Variant wier deemno méi ustiechend an d'Krankheetsverleef méi schwéier wéi bei der viregter Variant.[5][6]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Mpox – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Christophe Olinger, Sibila Lind „Affenpocken: Virologe Muller beantwortet die dringendsten Fragen“ (de) – Äntwerte vum Virolog Prof. Dr. Claude Muller op eng Rei Froen iwwer d'Afepouken, wort.lu, 24. Mee 2022
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ no der Terminologie déi d'Weltgesondheetsorganisatioun den 28. November 2022 proposéiert huet (cf. https://www.who.int/news/item/28-11-2022-who-recommends-new-name-for-monkeypox-disease)
- ↑ ICD-10 Version:2019. icd.who.int. Gekuckt de(n) 2022-05-24.
- ↑ "Éischte Fall vun Afepouken zu Lëtzebuerg confirméiert." rtl.lu, 16.06.2022.
- ↑ "Keng nei Fäll vun Afepouken. Risikopatiente kréien trotzdeem geroden, sech impfen ze loossen." rtl.lu, 04.11.2022.
- ↑ (en)WHO Director-General declares mpox outbreak a public health emergency of international concern. www.who.int (14.08.2024). Gekuckt de(n) 15.08.2024.
- ↑ (lb)Nei Variant an Afrika: WHO deklaréiert wéinst Mpox "weltwäit Noutlag". www.rtl.lu (14.08.2024). Gekuckt de(n) 15.08.2024.