Op den Inhalt sprangen

Alain Georges

Vu Wikipedia
Alain Georges
Gebuer 23. Juni 1938
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Jurist

Den Alain Georges, gebuer den 23. Juni 1938, ass e lëtzebuergesche Jurist a Banquier, dee virun allem dofir bekannt ass, President vum Direktiounskommittee vun der Banque générale du Luxembourg (BGL) gewiescht ze sinn.

De geléierte Jurist, Docteur en Droit, war vun 1962 bis 1966 Affekot an ass duerno bei d'BGL gewiesselt. 1979 gouf hie Member vum Direktiounskommittee an 1987 ass hien de President vun deem Gremium ginn.[1] Enn 2000, e knappst Joer nodeem de Grupp Fortis d'BGL komplett iwwerholl hat, huet hie seng Plaz bei der BGL opginn.[2]

Den Alain Georges war och President vum Verwaltungsrot vun der BIP Investment Partners, der Luxair a Verwaltungsrotmember vun der Cargolux, der Arbed an der CLT.[3] Hien war vun …[Wéini?] bis Juni 2010 President vun der Foire internationale, der spéiderer Luxexpo. Säin Nofollger bei der Luxexpo gouf de Raymond Schadeck.

1990 koum hien an de Verwaltungsrot vun der Générale de Banque zu Bréissel, wou hien de Georges Arendt ersat huet.[4]

Den Alain Georges war vun 1990 bis 2000 President vum Centre de recherche public Gabriel-Lippmann, wou hie wéinst Divergenze mat der Politik zeréck getruede war.[5] Vun 2001 bis 2004, war hie President vum Verwaltungsrot vun der Luxair.[6] Säin Nofollger gouf de Marc Hoffmann.

Hien ass den Nationalpresident vun de FNEL-Scouten a Guiden. Hien ass Verwaltungsrotsmember vun der Ceratizit a vum Mudam gradewéi Member vun der Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal.

Publikatioun (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • Ernest Arendt an Alain Georges, Das luxemburgische Aktienrecht, Frankfurt a.M, A. Metzner, 1968.
  • Alain Georges, « Das Recht der luxemburger Investmentfonds », Die Aktiengesellschaft, 1972, vol. 17, no 3, p. 76‑83.
  • Alain Georges, « Des places financières: de la “grosse aventure” aux plates-formes électroniques », in Volume XVII, Luxembourg, Institut Grand-Ducal, 2014, S. 131‑142.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Marc Vandemeir, « Alain Georges - “J’ai énormément appris dans tout ça” », Paperjam, Dezember 2006, S. 28.
  2. Véronique Poujol, « Départ anticipé », d’Lëtzebuerger Land, 12. Januar 2000, S. 9.
  3. « Alain Georges », d’Lëtzebuerger Land, 1. August 1988, S. 4.
  4. « Alain Georges », Revue, 5. Februar 1990, S. 10.
  5. « Alain Georges », d’Lëtzebuerger Land, 15. September 2000, S. 4.
  6. Marc Gerges, « SOS Mayday », 10. Juni 2000, S. 7.