Alain Robbe-Grillet

Vu Wikipedia
Alain Robbe-Grillet
Gebuertsnumm Alain Paul Robbe-Grillet
Gebuer 18. August 1922
Saint-Pierre-Quilbignon
Gestuerwen 18. Februar 2008
Caen
Doudesursaach Häerz-Kreeslafkrankheet
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Schauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Romancier, Lauschterbuchspriecher, Literaturkritiker, Essayist, Agraringenieur, Regisseur
Member vun Académie française
Famill
Bestuet mat Catherine Robbe-Grillet

Den Alain Robbe-Grillet, gebuer den 18. August 1922 zu Brest (Finistère) a gestuerwen den 18. Februar 2008 zu Caen (Calvados) war e franséische Schrëftsteller a Filmregisseur. Hie gëllt als ee vun den Haaptleit vum Nouveau Roman.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Alain Robe-Grillet war e studéierten Agronom an huet am Ufank an deem Beräich geschafft. An den 1950er Joren huet hie sech ëmmer méi der Literatur konsakréiert. Säin éischte Roman war Les Gommes (1953). Hie gouf ee vun den Theoreetiker a Vertreider vum Nouveau Roman; 1963 koum seng Artikelserie Pour un Nouveau Roman am L'Express eraus.

De Robbe-Grillet huet d'Dréibuch vun L'Année dernière à Marienbad, dat den Alain Resnais 1961 verfilmt huet.

Seng Filmer haten dacks erotesch oder sado-masoschistesch Sujeten. Tëscht 1972 an 1997 huet en a verschiddenen Universitéiten an den USA an tëscht 1980 an 1988 op der ULB zu Bréissel Soziologie a Literatur enseignéiert.

2004 gouf en an d'Académie française gewielt, ass awer ni dohi gaangen, well en dee ganze Pomp als vereelzt fonnt huet. Seng Fra war d'Schrëftstellerin Catherine Robbe-Grillet.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Romaner[änneren | Quelltext änneren]

  • Un régicide (1949)
  • Les Gommes (1953)
  • Le Voyeur (1955)
  • La Jalousie (1957)
  • Dans le labyrinthe (1959)
  • La Maison de rendez-vous (1965)
  • Projet pour une révolution à New York (1970)
  • Topologie d'une cité fantôme (1976)
  • Souvenirs du Triangle d'Or (1978)
  • Djinn (1981)
  • La Reprise (2001)
  • Un roman sentimental] (2007)

Novell[änneren | Quelltext änneren]

  • Instantanés (1962)

Essayen[änneren | Quelltext änneren]

  • Le Voyageur, essais et entretiens (2001)

Autobiographesch Fiktioun[änneren | Quelltext änneren]

  • Le miroir qui revient (1985)
  • Angélique ou l'enchantement (1988)
  • Les Derniers Jours de Corinthe (1994)

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

als Dréibuchauteur (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Präisser[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]