Händschefabréck Reinhard am Stadgronn

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Albert Reinhard)
Händschefabréck Reinhard am Stadgronn
D'Händschefabréck Albert Reinhard
Plaz Uewerstadll
Adress rue Plaetis
Koordinaten 49° 36’ ’’ N
      06° 07’ ’’ O
Architekt(en) J.P. Martin
Datum vum Bau 1905/1910
Proprietär privat
Gebai vun der fréierer Händschefabréck an der rue Plaetis am Gronn, Deel deen nach iwwreg ass (2015)

D'Händschefabréck vum Albert Reinhard am Stadgronn an der Plaetisgaass gouf am Joer 1910 fäerdeg gestallt. An hirer beschter Zäit hunn do bis 1.000 Leit geschafft. Et war deemools déi gréisst industriell Firma an der Stad Lëtzebuerg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1882 huet den Albert Reinhard, gebuer den 9. August 1853 zu Hamm an Däitschland, eng Gierwerei, Fierwerei an Händschefabréck opgemaach. Hie war bestuet mat der Caroline Frank, enger Tatta vum Otto Heinrich Frank, dem Papp vun der Anne Frank.

Am Ufank hat en e puer Gebaier vun der Gierwerei August Charles & Cie am Gronn gelount, déi en 1886 ganz opkaaft huet. En huet an den 1890er Jore weider Gierwereien an der noer Ëmgéigend kaaft a sou seng Firma vergréissert.

Am Dezember 1904 ass seng Firma ofgebrannt, gouf awer 1905 vum Architekt J.P. Martin nei opgebaut an 1910 op eng Längt vun 160 m vergréissert. 1914 hu 560 Leit do geschafft, am Joer 1925 waren et der 1.000.

Den Albert Reinhard ass de 26. Juli 1924 an der Stad Lëtzebuerg gestuerwen[1]. Proprietär vun der Firma goufen d'Bridder Siegmund an Hermann Geiershöfer vun Nürnberg, déi mat den zwee Reinhard-Meedercher Lucie an Irma bestuet waren.

Am Zweete Weltkrich gouf d'Fabréck vum däitschen Okkupant beschlagnaamt. 1941 ass de Betrib vun der Firma Baxmann & Wagner O.H.G. iwwerholl ginn. 1943-44 goufen do mat 205 Leit Gasmaske produzéiert.

Am September 1943 gouf d'Irma Geiershöfer-Reinhard am KZ Auschwitz ëmbruecht an am Mee 1944 ass och de Siegmund Geiershöfer zu Auschwitz am KZ gestuerwen. De 17. August 1942 ass och den Hermann Geiershöfer an der Stad Lëtzebuerg gestuerwen.

1944-45 huet d'Famill Geiershöfer, déi zwee Kanner vum Hermann Geiershöfer, d'Charlotte an de Fredy, d'Händschefabréck nees a Besëtz geholl. Et goufen nees Händschen an och Krawatte produzéiert.

Vun 1947 bis 1953 huet d'Radiosfabréck Ducal den drëtte Stack vun der Händschefabréck gelount fir do mat 60 bis 70 Leit Radioen ze produzéieren.

Enn vun den 1950er Joren ass d'Produktioun gestoppt ginn. De Fredy Geiershöfer, deen 1948 zesumme mat sengem Meedchen offiziell den Numm Storm vu senger Fra ugeholl huet, ass an d'USA emigréiert. Een Deel vun der Fabréck ass vun der Brauerei Funck-Bricher, der spéiderer Brasserie Nationale, kaaft ginn. Deen aneren Deel vum Gebai gouf vun der Gemeng Lëtzebuerg iwwerholl, déi et ofgerappt huet fir do e Park z'amenagéieren.

Den Deel, deen der Brasserie Nationale gehéiert huet, gouf 1985 restauréiert an als Wunnhaus ëmgebaut. Dobäi huet et seng ursprénglech Struktur bäibehalen, nëmmen en Daach mat Mansarden ass zousätzlech drop komm.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Claude Schumacher: Monuments historiques de l'industrie luxembourgeoise - Denkmäler Luxemburger Industriekulltur, Service des sites et monuments nationaux, 1997, 143 S., ISBN 2-919883-00-3 (D'Händschefabréck Reinhard: S. 84-85)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce vum Albert Reinhard