Plaetisgaass

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Rue Plaetis)
Rue Plaetis
Numm lb: Plaetisgaass
fr: Rue Plaetis
Fréieren Numm fr: rue des Tanneurs
de: Altmünstergasse,
Plaetisgasse
Längt ca.195 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Gronn
Postcode 1136
Koordinaten 49° 36’ 34.3’’ N
      06° 08’ 05.4’’ O


Verlaf vun der Plaetisgaass (bloe Stréch). Quell: Open street map.
D'Plaetisgaass mam Van-de-Vekene-Haus am Hannergrond.

D'Plaetisgaass, offiziell rue Plaetis, ass eng Sakgaass am Stadgronn déi vun der Montée du Grund bei d'Uelzecht an d'Gäert vum Stierchen féiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Mëttelalter gouf et eng Bréck, déi vun der Plaetisgaass iwwer d'Uelzecht an d'Mënsterstrooss (deemools Spidolsstrooss) gefouert huet

Schonn am Joer 1281 gëtt eng Pletisborne zitéiert, an e puer Joer méi spéit ass vun der Plettinsgassa rieds (1297). Et gëtt ugeholl, datt den Numm vum laténgeschen in plateis hierkënnt, woubäi platea eng Paweesstrooss bezeechent. Bis am 17. Joerhonnert war d'Plaetisgaass eng wichteg Verbindung tëscht der Schmëdd ënner dem Bockfiels an dem Almënsterplateau. Duerch de Bau vun der 3. Rankmauer gouf et eng Sakgaass.

Am Mëttelalter a bis an d'17. Joerhonnert era war d'Plaetisgaass bekannt fir hir Buedstuffen. D'Waasser vum Plättisbur war deemools wéinst senger gudder Qualitéit an der ganzer Stad geschat. 1374 gëtt an engem Akt e Bued- a Schweesshaus ernimmt, d'"Johann Plettismeister Hus".

Wéinst Angscht virun Epidemië sinn am 17. Joerhonnert déi Buedhaiser lues a lues verschwonnen an hunn de Gierwereie Plaz gemaach, déi bis an d'19. Joerhonnert d'Bild vun der Gaass bestëmmt hunn, wat zu hirem schlechte Ruff bäigedroen huet. Deemools housch d'Gaass rue des Tanneurs.

De Plettisbur huet als ëffentleche Wäschbuer bis am Joer 1910 existéiert an ass dunn an den Neibau vun der Händschefabrick verbaut ginn[1].

Fréier Nimm[änneren | Quelltext änneren]

Schonn an Dokumenter aus dem 13. Joerhonnert gëtt d'Strooss als Plectis, Plettis, Plaetys, Plettes, Plettisborn oder Plettisgas, asw. ernimmt.

Eng aner al Bezeechnung vun der Plaetisgaass soll bis am 15. Joerhonnert Altmünstergass gewiescht sinn[2]. Spéider housch se wéi gesot rue des Tanneurs[3],[4]. An der Besatzungszäit am Zweete Weltkrich housch se Plaetisgasse[5].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Beck, Henri, 1992. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons Stad Nr. 41: 32. Pdf
  • Beck, Fanny, 2005. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons Stad Nr. 80, S. 19. Pdf
  • May, Guy, 2002. Die Strassenbezeichnungen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940 - 1944). Ons Stad N° 71: 30-32.
  • Van der Vekene, Émile, 2009. L'ancienne Maison van der Vekene au Grund. Essai iconographique. Hémecht: Zeitschrift für Luxemburger Geschichte Jg. 61 (H. 3): 403-424.
  • Zettinger, Léon, 1963. Vieilles rues de la ville de Luxembourg. Hémecht 15/2: 143-167.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Plaetisgaass – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Quell vun dësem Kapitel Geschicht: Beck 1992 an der Literatur.
  2. Cf. Zettinger 1963: 147 an der Literatur.
  3. Net ze verwiessele mat der haiteger Rue des Tanneurs am Pafendall, cf. Beck 2005 an der Literatur.
  4. Cf. van der Vekene 2009:403 an der Literatur.
  5. Cf. May 2002: 31 an der Literatur.