Alberto Grimaldi

Vu Wikipedia
Alberto Grimaldi
Gebuer 28. Mäerz 1925
Neapel
Gestuerwen 23. Januar 2021
Miami
Nationalitéit Italien
Aktivitéit Filmproduzent, Affekot

Den Alberto Grimaldi, gebuer den 28. Mäerz 1925 zu Neapel a gestuerwen den 23. Januar 2021 zu Miami a Florida war en italieenesche Filmproduzent.

De Grimaldi war vu Beruff Affekot. Hien huet an den 1960er Joren ugefaange Filmer ze produzéieren. Hien huet als Produzent Filmer wéi Il Casanova di Federico Fellini vum Federico Fellini, Salò o le 120 giornate di Sodoma vum Pier Paolo Pasolini, Ultimo Tango a Parigi an Novecento alle béid vum Bernardo Bertolucci a Gangs of New York vum Martin Scorsese matfinancéiert. Hie war och de Produzent vun e puer vun de beschten Italowestern wéi Il buono, il brutto, il cattivo (1966) vum Sergio Leone, Faccia a faccia (1967) vum Sergio Sollima, La resa dei conti (1966) och vum Sergio Sollima an Il mercenario (1968) vum Sergio Corbucci.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

U m Spaweck[änneren | Quelltext änneren]