Alexander Wilkens

Vu Wikipedia
Alexander Wilkens
Gebuer 1881
Hamburg
Gestuerwen 1968
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit Kiel
Aktivitéit Astronom

Den Alexander Friedrich Karl Wilkens, gebuer den 23. Mee 1881 zu Hamburg a gestuerwen de 27. Januar 1968 war en däitschen Astronom.

De Wilkens ass op d'Gelehrtenschule des Johanneums zu Hamburg gaangen an huet du vun 1900 bis 1905 Mathematik, Physik an Astronomie zu Heidelberg, zu Kiel (beim Paul Harzer, Paul Stäckel, Philipp Lenard) an zu Göttingen (ë. a. beim Felix Klein, Hermann Minkowski a Karl Schwarzschild) studéiert. 1904 huet hien zu Göttingen promovéiert, wou hien och Assistent am Gauss-Archiv war. Duerno gouf hien Assistent am Kuffner-Observatoire zu Wien, duerno zu Heidelberg (Éischten Assistent 1905/6) an zu Hamburg, a vun 1908 bis 1916 Observateur am Observatoire vu Kiel beim Harzer.

Vun 1916 bis 1925 war hien Direkter vum Observatoire a Professer zu Breslau. 1925 gouf hien Nofollger vum Hugo von Seeliger als Direkter vum Universitéits-Observatoire München.

1934 gouf hie vun den Nationalsozialisten zum Récktrëtt gezwongen an ass an Argentinien ausgewandert, wou hie vun 1937 bis 1953 op der Universitéit an am Observatoire La Plata geschafft huet. Spéider ass hien nees zeréck op München koum, wou hien als Professer Emeritus op der Universitéit geschafft huet.

De Wilkens huet sech mat der Himmelsmechanik befaasst, besonnesch d'Stéierungstheorien a d'Bunnbestëmmunge ware seng Gebidder. Als astronomeschen Observateur huet hien eng Diskrepanz tëscht den an der nërdlecher a südlecher Hemisphär benotzten astronomeschen Deklinatiounssystemer entdeckt.

1926 gouf hien uerdentleche Member vun der Bayerischer Akademie der Wissenschaften.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]