Alexander Zoubkoff

Vu Wikipedia
Alexander Zoubkoff
Den Zoubkoff, a senger Glanzzäit mat der Sëschter vum Ex-Keeser, kuerz no hirem Bestietnes.
Gebuertsnumm Alexander Anatolewitsch Zoubkoff
Gebuer 25. September 1901
Gestuerwen 28. Januar 1936
Lëtzebuerg
Nationalitéit Russescht Keeserräich, Däitschland, Lëtzebuerg

Den Alexander Anatolewitsch Zoubkoff, gebuer de 25. September 1901 zu Ivanovo-Woznessensk, Russland, a gestuerwen de 27.[1] oder 28.[2] Januar 1936 zu Lëtzebuerg, war e russeschen Emigrant a Schwoer vum Däitsche Keeser Wëllem II..

Deem seng Schwëster, d'Viktoria vu Preisen, déi an engem éischte Bestietnes mam Adolf zu Schaumburg-Lippe bestuet war, hat 1927, nodeem hiren éischte Mann 1916 am Éischte Weltkrich gefall war, den Alexander Zoubkoff bestuet, dee 34 Joer méi jonk wéi si war. Den Zoubkoff hat sech nämlech als russeschen Adelegen ausginn, deen an der russescher Revolutioun alles verluer hat. Si war drop eragefall. Wéi de Schwindel opgeflunn ass, koum et zum grousse Skandal, an den Alexander huet sech duerch d'Bascht gemaach, huet allerdéngs alles matgeholl, wat net ugeneelt war. Hie koum dunn op Lëtzebuerg, wou hien eng Zäit laang am Schlass-Hotel vu Mäertert gewunnt huet. Hie war Medezinstudent an huet als Garçon an engem bekannte Restaurant an der Stad geschafft. De Skandal ass nach doduerch méi staark empfonnt ginn, well de Restaurant, an deem hien zerwéiert huet, ee Schëld ophänken hatwou dropstoung: Hier bedient Sie der Schwager des Kaisers.

De Pionéier vun der lëtzebuergescher Aviatioun, de Lou Hemmer, hat den Alexander Zoubkoff mobiliséiert, fir 1933, op engem Fluchmeeting, deen hien zu Walfer organiséiert hat, fir eng Gage vu fënnefhonnert Frang, mam Fallschierm erofzesprangen. Sou gouf den Zoubkoff déi éischt Persoun, déi zu Lëtzebuerg mam Fallschierm erofgesprongen ass. Hien ass och nach duerno, wann et him u Geld gefeelt huet, mam Lou Hemmer op anere Meetingen opgetrueden.

Den Zoubkoff huet seng Memoirë geschriwwen. Déi, grad wéi och déi vu senger veraarmter Fra Viktoria, hunn eng grouss Opmierksamkeet fonnt.

1936 ass den Zoubkoff zu Lëtzebuerg gestuerwen.

Publikatiounen déi liesenswäert sinn[änneren | Quelltext änneren]

  • Zoubkoff, Alexander: Mein Leben und Lieben, Bouvier, 12/2005,
  • Zoubkoff, Viktoria, geb. Prinzessin von Preußen: Was mir das Leben gab - und nahm, General-Anzeiger/Bouvier Verlag, Bonn, 2005

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Tsé Katchour: Zoubkoff: Le roman (vrai) d'un séducteur oublié. L'Harmattan - Romans historiques, 2021.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Sterbefälle am Escher Tageblatt vum 6. Mäerz 1936 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2014-03-16.
  2. Sterbefälle am Luxemburger Wort vum 11. Mäerz 1936 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2014-03-16.