Lou Hemmer

Vu Wikipedia
Lou Hemmer
Gebuer 1. Dezember 1904
Lëtzebuerg
Gestuerwen 23. Mee 1987
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Pilot
Aweiung vum Lou Hemmer sengem Fliger op den Numm: Prince Jean (1929, Luxemburger Illustrierte: Fascicule 13 - Säit 184

De Louis ("Lou") Hemmer, gebuer den 1. Dezember 1904 an der Stad Lëtzebuerg, och do gestuerwen den 23. Mee 1987,[1] war e lëtzebuergesche Pilot a Pionéier vun der lëtzebuergescher Aviatioun. Säi ganzt Liewen huet hie sech fir de Bau vun engem Fluchhafen zu Lëtzebuerg agesat.

Vun 1923 bis 1926 war hie belsche Militärpilot a war duerno als Serjant bei der Reserve. 1926 gouf hie "Champion de Belgique des Aviateurs Militaires de Réserve", a krut vum belsche Kinnek Albert I. d'Coupe du Roi iwwerreecht. 1928 huet hien zu Bréissel de "Brevet de transport public", an 1932 zu Paräis de Brevet als Fluchinstrukter gemaach. Hie war spéider drësseg Joer laang de Chefinstrukter vum "Aéro-Club du Grand-Duché de Luxembourg".

De 17. Juni 1928 ass hien um vun him organiséierte Walfer Fluchmeeting, op de Steseler Wisen, viru méi wéi 40.000 Zuschauer, mat sengem Doppeldecker mat véier Sëtzer vum belsche Fligerconstructeur R.S.V. geflunn. Do sinn och eng Rei vu Komeroden opgetratt a säi Fliger gouf bei där Geleeënheet a Presenz vun der groussherzoglecher Famill op den Numm Prince Jean gedeeft. Duerno goufen ëm déi 100.000[Source?] landschaftlech Vuë mat der Stampe opgeholl an als Postkaarte verkaf. De Lou Hemmer ass vu Fluchfest zu Fluchfest geflunn, an zu Lëtzebuerg gouf et bal kee Sonndeg wou net iergendwou e Meeting war, well seng Fluchmaschinn konnt bal op jiddwer Rommelsstéck fortfléien a landen. Hie krut och Reklammsverträg vu private Firmae fir Fluchblieder aus dem Fliger ze werfen a mat faarwegem Auspuffdamp um Himmel Reklammsloganen ze molen.
1934 huet hien eng gebrauchte Fokker D-7 op enger Stee zu Bréissel kaaft, mat där hie Loftpost transportéiert huet. Bei der däitscher Besatzung 1940 goufen all seng Fliger, déi um Findel stoungen, confisquéiert.

Direkt nom Krich huet de Lou Hemmer nei Fligere kaf, obschonn d'Begeeschterung fir d'Fluchfester beim Publikum ofgeholl hat. Beim Plangen a beim Bau vum Stauséi Uewersauer an dem Pompelspäicherwierk Veianen gouf hie verflicht fir mam Philippe Schneider Loftopname vun de Siten ze maachen. Bei dësen Aarbechte koum et zu engem Accident, wéi déi zwee mat engem frieme Fliger wollten Opname maachen. De Fliger ass aus enger Héicht vu véierhonnert Meter an e Bam gefall. Glécklecherweis blouf et bei nëmme liichte Blessuren, an enger kapotter Kamera.

  • 1952 war hie Grënnungsmember vun der Union des Pilotes de l'Aviation Luxembourgeoise
  • 1955 war hien den éischte Lëtzebuerger, deen den Diplome Paul Tissandier vun der Fédération Aéronautique Internationale (FAI) krut
  • 1979 huet hien d'Amicale vun de fréiere Pilote Vieilles tiges gegrënnt.

Am Ufank huet hien zu Ëlwen gewunnt, duerno zu Walfer, wou en e Bistro mat Restaurant (Hotel du Château) hat. Do hat hien och am Gaart säi Fliger als Ausstellungsstéck montéiert.

Zu Munneref an um Findel droe jee eng Strooss säin Numm.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 170