Alfred Oppenheimer

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Den Alfred Oppenheimer, gebuer den 11. Oktober 1901 zu Metz, gestuerwen de 5. Oktober 1993, war e Geschäftsmann.

1925 huet hie sech zu Lëtzebuerg niddergelooss, wou hie seng Fra Aline Kahn kennegeléiert huet. Si kruten 1930 hiren eenzege Jong, de René.

No der däitscher Invasioun vum 10. Mee 1940 krut den Alfred Oppenheimer, well hie Judd war, d'Geschäftsaktivitéite verbueden.

Hie gouf mat senger Fra a sengem Jong an d'Duerchgangslager op d'Pafemillen bruecht, vu wou se de 17. Juni 1943 iwwer Tréier a Berlin an d'KZ Theresienstadt verschleeft goufen. Seng Fra ass do den 12. Dezember 1943 un Erschëpfung gestuerwen. Am Oktober 1944 goufen hien a säi Jong getrennt an d'KZ Auschwitz-Birkenau transportéiert. Den 11. Oktober, um Dag vu sengem 42. Gebuertsdag, gouf hie gewuer datt säi Jong an der Gaskummer ëmbruecht gi war. Am Januar 1945 gouf d'Lager vun de sowjeteschen Truppe befreit.

1961 huet hien als Zeie beim Eichmann-Prozess zu Jerusalem ausgesot.

Hien huet 1991 d'Fondation René Oppenheimer gegrënnt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Haag, Emile, 2011. Le sort de la population juive. Trois cas de figure: Edmond Israël, Alfred Oppenheimer et Josy Schlang, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles, Éditions Guy Binsfeld, Lëtzebuerg, 576 Säiten (ill.), ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 430-437.
  • Moyse, Laurent, 2011. Du rejet à l'intégration. Histoire des Juifs du Luxembourg des origines à nos jours, Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg, 288 Säiten, ISBN 978-2-87963-810-2, Ss 199-202, 206, 232, 238, 254
  • Scuto, Denis, 1993. "Alfred Oppenheimer: un grand témoin est mort." Tageblatt Nr. 229 (7. Oktober 1993), S. 10.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]