Alioth (Stär)

Vu Wikipedia
Kaart vum Stärebild Ursa Major

Den Alioth (arabesch "Geess") ass den Numm vum Stär ε Ursae Maioris (Epsilon Ursae Majoris). Den Alioth ass ee Verännerleche vum Typ Alpha Canum Venaticorum. Dem Alioth seng Hellegkeet schwankt mat enger Period vu 5,088 Deeg tëscht +1,69mag an +1,83mag. Den Alioth gehéiert zum Spektraltyp A0. D'Distanz Äerd - Alioth ass 77 Liichtjoer.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie