Op den Inhalt sprangen

Cor Caroli

Vu Wikipedia
Duebelstär Cor Caroli
Nummα1,2 Canum Venaticorum
Stärebild:Canes Venatici
Daten
Rektaszensioun12:56:01,7
Deklinatioun38:19:06.0
Spektralklass:A0p / F0V
Gréissteklass2,84-2,94 mag/5,6 mag
Distanz110 ± 4 Lj
Liichtkraaft:69,2 / 5,66* Sonn
Mass:2 * Sonn / ?
Duerchmiesser:4 * Sonn / ?
Radialvitess:? / ?
Aner Bezeechnungen
ADS8706
Bonner Duerchmusterung+39°2580
Bright Star Catalogue4915/4914
CCDM12560+3819
FK5485
GC17556/17557
Henry-Draper-Katalog112413/112412
Hipparcos-KatalogHIP63125/HIP63121
SAO-Katalog63256/63257
Tycho-KatalogTYC3021-2645-1/TYC3021-2646-1
Kaart vum Stärebild Canes Venatici (Juegdhënn)

De Cor Caroli, Häerz vum Charel, genannt zu Éiere vum Charles II., Kinnek vun England, ass den hellsten Duebelstär am Stärebild Canes Venatici. Den Haaptstär ass de Prototyp vun enger Klass mat verännerleche Stären, de sougenannten Alpha-Canum-Venaticorum-Stären. Alpha-Canum-Venaticorum-Stären hunn e staarkt Magnéitfeld, déi vergläichbar mat Sonneflecken, Stäreflecke vu risegem Ausmooss ausléist. Bedéngt duerch déi Flecke verännert sech d'Hellegkeit vun Alpha-Canum-Venaticorum-Stäre wärend hirer Rotatioun méi oder manner staark.

D'Hellegkeet vum Haaptstär vum Cor Caroli variéiert tëscht +2,84 mag a +2,94 mag mat enger Period vu 5,47 Deeg. De Spektraltyp vum Haaptstär ass A0.

De Begleetstär deen op engem Wénkelofstand vun 19,3" bei engem Positiounswénkel vun 224 Grad steet, ass vum Spektraltyp F0 a méi liichtschwaach. Seng Hellegkeet ass nëmme +5,5 mag.

De Cor Caroli ass ronn 110 Liichtjoer vun eis ewech (Hipparcos-Katalog).

Portal Astronomie