Amenthes (Gradsecteur)

Vu Wikipedia
Kaart vum Amenhes Véiereck opgestallt no MOLA-Daten. Déi héchst Plaze si rout an déi niddregst si blo.
Bild vum Amenthes Quadrangle (MC-14). Am südlechen Deel läit en Héichland, dat staark mat Krateren iwwerséit ass; am nërdlechen Deel läit den Elysium Planitia; an der ëstlecher Hallschent läit den Isidis-Baseng.

De Gradsecteur Amenthes gehéiert zu den 30 Gradfelder vum Mars déi vum USGS festgeluecht goufen. D'Nummer ass MC-14, d'Gradfeld ëmfaasst d'Gebitt vun 225° bis 270° westlech Längt a vun 0° bis 30° südlech Breet.

Den Numm staamt vun Amenthes, dem Räich vum Doud aus der alegyptescher Mythologie. Am Gradfeld läit de d'Isidis-Baseng, eng Plaz, wou vum Mars Reconnaissance Orbiter Magnesiumkarbonat fonnt gouf. Dëst Mineral weist un, datt et do Waasser gouf an datt dat net sauer/saierhalteg war. De Lander Beagle 2 sollt am Dezember 2003 am ëstlechen Deel vum Isidis Planitia landen, awer de Kontakt goung bei der Landung verluer. Am Januar 2015 huet d'NASA gemellt, datt de Beagle 2 do (11° 31′ 35″ N, 90° 25′ 46″ O7) fonnt gouf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Amenthes – Biller, Videoen oder Audiodateien