Diacria (Gradsecteur)

Vu Wikipedia
Kaart vum Diacria Gradsecteur / Mars Orbiter Laser Altimeter (MOLA)-Daten.
(héich ass rout an niddreg ass blo).
Koordinaten: 47,5 °N 150 °W
Bild vum Diacria Gradsecteur (MC-2).
De südëstlechen Deel ass duerch aureol Oflagerunge vum gréisste bekannte Vulkan am Sonnesystem, dem Olympus Mons markéiert.

Den Diacria-Gradsecteur gehéiert zu den 30 Gradsecteure vum Planéit Mars. Den Numm gouf vum USGS festgeluecht. D'Nummer ass MC-2. De Gradsecteur ëmfaasst e Gebitt vun 120° bis 180° westlecher Längt a vun 30° bis 65° südlecher Breet.[1]

De Gradsecteur deckt Deeler vum Arcadia Planitia an Amazonis Planitia of. D'Géigend gouf vum E.M. Antoniadi, engem griicheschen Astronom, 1930 no engem Héichland am Norde vun Attika genannt. E bezeechent eng Albedoformatioun am Beräich vun 48° N an 190° O. Am Beräich vum Gradsecteur läit ë. a. de Milankovič-Krater mat engem Duerchmiesser vun zirka 118,4 km, d'Westflank vum Alba Mons duerchzitt de Gradsecteur am südëstleche Beräich.[2] Dee Beräich ass och vum d'Gruefgebitt Cyane Fossae duerchzunn.

Westlech vum Lycus Sulci, vis-à-vis vum Amazonis Planitia, läit d'Biergketten Erebus Montes. Si huet Honnerte vun isoléierten Hiwwelen, déi tëscht 500 m an 1000 m iwwer dem Flaachland stinn.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Diacria – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Davies, M.E.; Batson, R.M.; Wu, S.S.C. „Geodesy and Cartography“ in Kieffer, H.H.; Jakosky, B.M.; Snyder, C.W.; Matthews, M.S., Eds. Mars. University of Arizona Press: Tucson, 1992.
  2. Carr, M.H. The Surface of Mars; Cambridge University Press: New York, 2006.
  3. Tanaka, K.L.; Skinner, J.A.; Hare, T.M. Geologic Map of the Northern Plains of Mars. Scientific Investigations Map 2888, U.S. Geological Survey, 2005.