André Patry
Ausgesinn
| André Patry | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
22. November 1902 Alles-sur-Dordogne |
| Gestuerwen | 20. Juni 1960 |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Aktivitéit | Astronom, Asteroidenentdecker |
|
| |
Den André Patry, gebuer den 22. November 1902, a gestuerwen den 20. Juni 1960, war e franséischen Astronom.
De Patry hat ganz jonk seng Eltere verluer a war als Weesekand opgewues. Schonn am Alter vu 17 Joer hat hien ugefaangen, am Observatoire vun Nice ze schaffen. Ufanks huet hie bei den Instrumenten assistéiert a spéider huet hie sech mat Ënnersich vun Asteroide befaasst an huet dobäi selwer néng nei Entdeckunge gemaach.
An Unerkennung fir seng Aarbecht gouf den Asteroid (1601) Patry no him genannt.
