Andrei Iwanowitsch Borissenko

Vu Wikipedia
Andrei Iwanowitsch Borissenko
Gebuer 17. Abrëll 1964
Sankt Péitersbuerg
Nationalitéit Russland
Aktivitéit Ingenieur, Astronaut
Andrei Iwanowitsch Borissenko

Den Andrei Iwanowitsch Borissenko, gebuer de 17. Abrëll 1964 zu Leningrad, Russland, ass e russesche Kosmonaut.

Ausbildung[änneren | Quelltext änneren]

No erfollegräiche Physik- a Mathematikschoulléiergäng zu Leningrad 1981, krut de Borissenko am Joer 1987 am Leningrader Mechaneschen Institut säin Ofschloss a Fluch- a Steierungsdynamik. Vun 1987 bis 1989 schafft hien als zivillen Ingenieur bei der Sowjetescher Marinn.

Beruffsliewen[änneren | Quelltext änneren]

Uschléissend wiesselt hie bei d'NPO Energija. Bis 1999 schafft hie bei der Analysgrupp fir d'Bordsystemer vun der Mir am Fluchleetzenter zu Koroljow. Duerno war hie Schichtfluchdirekter, am Ufank fir d'Mir a spéider am ISS-Programm. Hie war am Mäerz 2001 beim geplangten a kontrolléierte Mir-Ofstuerz mat bedeelegt.

Den 29. Mee 2003 gouf hien als Kandidat vun der Kosmonautesektioun beim Energija-Konzern ausgewielt. Seng Kosmonautegrondausbildung huet hien am Juni 2005 mat Auszeechnung ofgeschloss.

De Borissenko ass Bordingenieur op der Expeditioun 27 an ass och fir weider Expeditioune mat der ISS virgesinn. De 4. Abrëll 2011 (Lokalzäit: 5. Abrëll) ass hien zesumme mam Alexander Samokutajew a mam Ronald Garan am Raumschëff Sojus TMA-21 op d'ISS gestart.

Privates[änneren | Quelltext änneren]

Den Andrei Borissenko ass bestuet an huet zwee Kanner. Zu sengen Hobbye gehéiere Fëschen, Badminton an Autoreesen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Andrei Borisenko – Biller, Videoen oder Audiodateien