Aquakultur

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Aquakultur (Frellen) an enger Fëschfarm am Kosovo

Aquakultur ass d'Zuucht vun Organismen, déi am Waasser liewen, besonnesch Fësch, Muschelen, Kriibsen an Algen. Dofir gëtt ënner kontrolléierte Konditiounen eng Populatioun vun engem bestëmmten Organismus opgebaut. Domat ënnerscheet sech d'Aquakultur vun der Fëscherei, déi d'Recoltéiere vu wëlle Waasserdéieren ass. Enger vaster Approche no kann een d'Fëscherei der Juegd zouuerdnen an d'Aquakultur der Agrikultur.[1]

Den Term "Kultur" implizéiert eng Form vun Interventioun am Zuuchtprozess fir d'Produktioun ze verbesseren, zum Beispill d'Fidderen oder d'Schütze viru Predateuren. En implizéiert och en individuellen oder juristesche Besëtzer vum Stock. Aquatesch Organismen, déi vun där Persoun oder Organisatioun rekoltéiert ginn, där deen Organismus während der ganzer Zuuchtperiod gehéiert huet, zielen zu de Produkter vun der Aquakultur. Am Géigesaz dozou ginn et déi aquatesch Organismen, déi ëffentlech exploitéiert kënne ginn, well s'eng Ressource mam Statut "propriété commune" sinn; si zielen zu de Produkter vun der Fëscherei.[2]

2008 huet Aquakultur 46% vum weltwäite Mieresfriichtekonsum geliwwert, an et gëtt geschat, datt dësen Taux nach weider klamme wäert.[3] Déi gréisste Aquakulturproduzenten op der Welt sinn (2012):[4]

  • 01: Flag of the People's Republic of China.svg China: 41,1 Milliounen Tonnen, 66 Milliarden USD
  • 02: Flag of India.svg Indien: 4,2 Milliounen Tonnen, 9 Milliarden USD
  • 03: Flag of Vietnam.svg Vietnam: 3 Milliounen Tonnen, 5,8 Milliarden USD
  • 04: Flag of Indonesia.svg Indonesien: 3 Milliounen Tonnen, 6,7 Milliarden USD
  • 05: Flag of Bangladesh.svg Bangladesch: 1,7 Milliounen Tonnen, 3,9 Milliarden USD
  • 06: Flag of Norway.svg Norwegen: 1,3 Milliounen Tonnen, 5,1 Milliarden USD
  • 07: Flag of Chile.svg Chile: 1 Millioun Tonnen, 6 Milliarden USD
  • 08: Flag of Egypt.svg Egypten: 1 Millioun Tonnen, 2 Milliarden USD
  • 09: Flag of Myanmar.svg Myanmar: 8,9 Millioun Tonnen, 1,5 Milliarden USD
  • 10: Flag of the Philippines.svg Philippinnen: 7,9 Millioun Tonnen, 2 Milliarden USD

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Klinger, Dane H. et al. (2013), "Moving beyond the fished or farmed dichotomy", Marine Policy, Vol. 38, p. 369
  2. Definitioun vun Aquakultur um site vun der FAO (gekuckt de 4. Februar 2015)
  3. Klinger, Dane H. et al. (2013), p. 369
  4. FAO: World aquaculture production of fish, crustaceans, molluscs, etc., by principal producers in 2012