Arrondissement Château-Salins

Vu Wikipedia
Château-Salins
Lag vum Arrondissement am Departement
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Kantonen 5
Gemengen 128
Ënnerprefecture  Château-Salins
Fläch 974 km²
Bevëlkerung 29 932 Aw.(2009)
Dicht  28,2 Aw. / km²

Den Arrondissement Château-Salins ass eng fréier franséisch administrativ Andeelung am Museldepartement an der Regioun Grand Est.

Den Haaptuert war Château-Salins.

De ganzen Arrondissement ass eng ländlech Géigend ouni nenneswäert grouss Stied. Déi gréisst Gemeng Dieuze huet knapps 3.500 Awunner. Historesch intressant am Arrondissement ass Vic-sur-Seille mat dem Hôtel de la monnaie.

Op ville Plazen am Arrondissement gouf Salz aus dem Buedem geholl, meeschtens mat engem Pompelsystem.

Kantonen am Arrondissement[änneren | Quelltext änneren]

Den Arrondissement huet 5 Kantonen:

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Virun 1871 huet d'Arrondissement zum Departement Meurthe gehéiert. Nom Frankfurter Vertrag gëtt e groussen Deel vum Arrondissement däitsch, just d'Gemenge vum Kanton Vic-sur-Seille blouwe franséisch, a koume bei den Arrondissement Lunéville an der Meurthe-et-Moselle. Nom Éischte Weltkrich gëtt den Arrondissement en Deel vum Museldepartement.

Den 1. Januar 2015, goufen d'Arrondissementer Sarrebourg a Château-Salins jumeléiert, fir den 1. Januar 2016 definitiv zesummegeprafft ze ginn.[1].

Kuckt och[Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. La sous-préfecture de Sarrebourg/Château-Salins sur www.moselle.gouv.fr