Asterope (Stär)

Vu Wikipedia

Asterope (och Sterope) ass den Numm vun zwéi Stären am Stärekoup Messier 45, D'Stären hunn d'Flamsteednumeroen 21 an 22 a stinn am Stärebild Taurus. Wéinst hirer schwaacher Liichtkraaft an hirem kuerzen Ofstand kruten déi zwéi Stären en eenzegen Numm. Haut gi si och Sterope I (21 Tau) an Sterope II (22 Tau) bezeechent.

Asterope kann, wéi all Stär vun de Plejade vum Äerdmound bedeckt ginn. Den Numm kënnt vun der Asterope, enger Plejad aus der griichescher Mythologie, hier.

Sterope I huet eng visuell Magnitude vu +5,76 mag a gehéiert zu der Spektralklass B8V. Hien ass zirka 387 Liichtjoer vun eis ewech (Hipparcos-Datebank).

Koordinaten (Equinoxe J2000.0):

Sterope II huet eng visuell Magnitude vu +6,43 mag a gehéiert zu der Spektralklass A0Vn. Hien ass zirka 354 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0):

  • Rektaszensioun: 3h 46m 2.90s
  • Deklinatioun: +24° 31' 41.0"

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]