Australopithecus anamensis

Vu Wikipedia
Australopithecus anamensis

Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Primaten
Famill: Mënschenafen
Gattung: Australopithecus
Aart: Australopithecus anamensis
Wëssenschaftlechen Numm
Australopithecus anamensis
Leakey 1995


Den Australopithecus anamensis ass eng ausgestuerwen Aart aus der Gattung Australopithecus. Si huet virun ongeféier 4,2 Millioune Joer bis virun ongeféier 3,9 Millioune Joer an Ostafrika gelieft.

Den Numm anam ass d'Turkana-Wuert fir "Séi". Den A. anamensis, also och nach de Südaf vum Séi, huet mënschen- an afenänlech Eegenschafte matenee kombinéiert.

D'Hirschuel erënnert u Mënschenafen déi Joermillioune vidru gelieft hunn, d'Schinnbeen huet änlech Kennzeeche wéi dat vun der méi spéider Gattung Homo an dee warscheinlech schonn oprechte Gang.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Australopithecus anamensis – Biller, Videoen oder Audiodateien