B. B. King

Vu Wikipedia
B. B. King
Gebuertsnumm Riley Ben King
Gebuer 16. September 1925
Berclair
Gestuerwen 14. Mee 2015
Las Vegas
Doudesursaach Zockerkrankheet
Nationalitéit USA
Aktivitéit Gittarist, Sänger, Liddermécher, Komponist, Pianist, Museksproduzent
Member vun American Academy of Arts and Sciences

De B. B. King, gebuer de 16. September 1925 zu Berclair bei Itta Bena, am Bundesstaat Mississippi, a gestuerwen de 14. Mee 2015 zu Las Vegas, am Nevada, fir richtegRiley B. King, war en US-amerikanesche Blues-Gitarristen a -Sänger. Hien huet Generatioune vu Rock- a Bluesmuseker beaflosst. Seng Placke goufe mat am Ganze 15 Grammyen ausgezeechent.

Zu senge grousse Succèsen ziele seng Cover-Versioun vum Big Joe Turner sengem Sweet Sixteen an The Thrill Is Gone.

Hien huet 1969 nieft dem Ike & Tina Turner bei der US-Tournee vun de Rolling Stones am Virprogramm gespillt, a mat ë. a. dem Carole King, Leon Russell, Alexis Korner, Peter Green, Steve Winwood, U2 an Eric Clapton.

Hien ass bis 2004 reegelméisseg op Tournée gaangen, an hat och duerno nach deen een oder aneren Optrëtt.

Hien hat seng Gittar "Lucille" genannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • King, B. B., Ritz, David (1996): Blues all round me - The Autobiography Of B. B. King. Avon Books, New York, ISBN 0-380-97318-9
  • Sawyer, Charles (1982): B. B. King - The Authorized Biography. Quartet Books, ISBN 0-7043-3415-1

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: B. B. King – Biller, Videoen oder Audiodateien