Bampiipsert
Bampiipsert | |||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
![]() Bampiipsert | |||||||||||||||
Aner Sproochen: | de: Baumpieper fr: Pipit des arbres | ||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
Anthus trivialis |

De Bampiipsert, Anthus trivialis, ass e Vull, deen heefeg vu Mëtt Abrëll bis Enn September zu Lëtzebuerg ze fannen ass.
Den Numm[änneren | Quelltext änneren]
De Vull huet am Lëtzebuergeschen e puer Nimm:
- Bëschléierchen
- BëschLéiweckelchen
- Bëschlutert
- Bëschlutvull
- Bëschpiipsert
- Bamlutert
- Gaardeléinchen
De Bampiipsert ass iwwer de Réck gréngelzeggro mat schwaarze Stréchelcher, an op der Broscht gielzeg mat dräieckege Flecken. E lieft um Bord vun de Bëscher an e baut säin Nascht meeschten um Buedem aus Moser, Hällem. Bannendra kleet en d'Nascht dacks mat Hoer vun Déieren aus. E britt zweemol am Joer, a leet all Kéier bis zu 5 Eeër. En ass liicht wärend dem Balzfluch z'erkennen u sengem typeschen „Ziziziwiswis terrziä ziä ziä“.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Anthus trivialis – Biller, Videoen oder Audiodateien |