Banneux
Dëse Geographiesartikel iwwer d' Belsch ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Banneux | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Léck |
Arrondissement | Léck |
Gemeng | Sprimont |
Koordinaten | 50°32'16"N, 5°44'24"O |
Postcode | 4141 |
Banneux ass e klengt Duerf an den Ardennen an der Belsch a gehéiert zur Gemeng Sprimont, am Nordoste vu Léck, an der Noperschaft vu Pepinster a Spa. Banneux ass bekannt gi wéinst den Erscheinunge vun der Muttergottes. Dowéinst ass dës Uertschaft eng Pilgerplaz ginn.
Apparitioun vun der Muttergottes
[änneren | Quelltext änneren]Zu Banneux huet d'Famill Beco gewunnt. De 25. Mäerz 1921 ass hir Duechter Mariette op d'Welt komm. Tëscht dem 25. Januar an dem 2. Mäerz 1933 soll hatt 8 Apparitioune vun der Muttergottes gehat hunn.
Als Folleg gouf do déi Kleng Kapell gebaut an ageweit. Dëst war den Ufank vu Pilgerpressiounen op Banneux. Offiziell unerkannt gouf d'Pilgerplaz Banneux den 22. August 1949 vum Mgr. Kerkhofs, Bëschof vu Léck, a gëtt duerno 1952 och vum Vatikan unerkannt.
1985 huet de Poopst Jean-Paul II Banneux besicht.
Kuckeswärtes an der Géigend
[änneren | Quelltext änneren]- De Fort de Tancremont
- D'Kapell vum Sanctuaire du Vieux Bon Dieu zu Tancremont
- Zu Sprimont de Musée du Train vicinal
E puer Biller vum Sanctuaire zu Tancremont
[änneren | Quelltext änneren]-
Kapell vu vir
-
Bild vum Chouer
-
Eng Fënster am Sanctuaire
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Banneux – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Kathoulesch Muttergottes-Pilgerplazen an Europa | |
Lëtzebuerg: | Lëtzebuerg - Stadgronn - Wolz - Léiffrächen - Giischterklaus - Veianer Bildchen - Heeschbreger Bildchen |
Belsch: | Banneux - Beauraing - Foy-Notre-Dame - Moresnet-Chapelle - Werpin |
Frankräich: | Lourdes - Avioth - Bonne-Fontaine - Monléon-Magnoac - Notre Dame du Puy Rachat - Notre-Dame de La Salette - Schwaarz Muttergottes vu Rocamadour |
International: | Fátima - Einsiedeln - Montserrat - Altötting - Kevelaer - Loreto - Mariazell - Tschenstochau - Covadonga |
Pilgerplaze fir Sportler: | Notre-Dame des Cyclistes (F) - Notre-Dame de la Course Landaise (F) - Notre-Dame-du-Rugby (F) - Chèvremont (B) - Nuestra Señora de Dorleta (Es) - Madonna del Ghisallo (It) |