Op den Inhalt sprangen

Beneluxzuch

Vu Wikipedia
Beneluxzuch Amsterdam - Bréissel

Als Beneluxzich, an der Belsch InterCity B, bezeechent een eng ganz Rei Zich déi zanter 1957 tëscht Bréissel an Amsterdam ënnerwee sinn.

Am Ufank war en Zuch tëscht den 3 Haaptstied vum Benelux-Raum geplangt, mä den Deel Lëtzebuerg - Bréissel gouf ni realiséiert.

Steierwon vun der éischter Generatioun fir den Asaz mat der Serie 25.5.
Steierwon vun der zweeter Generatioun fir den Asaz mat der Serie 11.

Bis an d'1950er Jore sinn déi international Zich tëscht der Belsch an Holland vun Diesellokomotiven, deels souguer nach vun Damplokomotive gezu ginn. 1957 war d'Elektrifizéierung vun der Streck Bréissel-Amsterdam fäerdeg an d'SNCB an d'NS hunn den Trafic wëllen nei organiséieren.

Et goufen zwielef 2-System (1500V an 3000V) Automotricë bestallt, déi zanter dem 29. September 1957 d'Verbindung tëscht béide Stied assuréiert hunn. Dat Material huet op den hollänneschen Automotricë vum Typ 54 baséiert a krut genee wéi déi Automotricen de Spëtznumm Hondekop, also Hondskapp.

Vun 1962 u fueren, well d'Passagéierzuele stänneg an d'Luucht ginn, ëmmer zwou Automotricen zesummen.

Zanter 1969 ginn zousätzlech zu den Hondekop och klassesch Reesvoiturë mat belschen, respektiv hollännesche Lokomotiven agesat. Well et awer ëmständlech war all Kéier op der Grenz d'Lokomotiv ze wiesselen an zemools well d'Gare vun Antwerpen deemools nach eng Kappgare war, hu sech béid Eisebunnsgesellschafte gëeenegt datt nei Zich sollte kaaft ginn.

D'SNCB sollt d'Lokomotiven an d'Voiturë fir d'éischt Klass stellen, wärend d'NS d'Steierween an d'Voiturë fir d'zweet Klass sollte kafen. D'SNCB huet hiert Versprieche gehalen andeems se 8 vun hire Lokomotive vun der Serie 25 fir den Asaz ënner 1.500V ëmgebaut huet, déi nei Serie 25.5. D'Faarwe vun deem Material ware Blo mat gieler Sträif.

Wéinst dem stännegen Asaz ass d'Material immens séier verschlass, dowéinst huet d'SNCB sech schonn an den 1980er Joren no neie Lokomotiven ëmgekuckt. 1985 kritt d'SNCB nei Lokomotive fir den Asaz an Holland, d'Serie 11. Fir mat der neier Lokomotiv kënnen ze schaffen, keeft d'NS nei Steierween an nei Voituren.

Déi nei Zich sinn an de Faarwe Bordeaux (Faarf vun der SNCB) a Giel (Faarf vun der NS) ugestrach. Dacks sinn awer och déi blo-giel Voiturë vun der NS fir den Trafic an Holland selwer, am Beneluxzuch ënnerwee, doduerch gesäit de Beneluxzuch dacks konterbont aus.

Duerch déi héich Kapazitéite vun den neien Zich, kann dat aalt Material ausgemustert ginn. D'Serie 25.5 kënnt virun allem op Gidderzich an op den internationalen Zich Paräis - Amsterdam an den Asaz. 1987 ginn d'Hondekopp Automotricë vun der Serie 57 ausgemustert.

1997 fiert deen éischten Thalys tëscht Bréissel an Amsterdam. D'Thalys sinn net an de Fuerplang vum Beneluxzuch agebonnen, mä fueren an engem eegene Rhythmus.

2007 léisen déi nei Lokomotive vun der Serie 28 d'Serie 11 of.

Zanter 2009 gëtt de Beneluxzuch net méi iwwer déi klassesch Linn gefuer, mä iwwer d'Héichvitessstreck Antwerpen - Schiphol - Amsterdam. D'Lokomotive vun der Serie 28 bréngen d'Zich mat enger Vitess vun 160 km/h un hiert Zil.

2010 sollten déi nei Fyra Zich tëscht Bréissel an Amsterdam déi klassesch Reesvoitureszich ersetzen. Déi Ramme kënnen da mat enger Vitess vun 250 km/h fueren. Technesch Problemer maachen deen Asaz awer bis 2011/2012 onméiglech.