Benotzer Diskussioun:195.46.241.230

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Déi zwee aner Länner sinn zanter 1954 onofhängeg Kinnekräicher déi zäitweileg staark vun de Kommunisten aus dem Nordvietnam (Laos), respektiv aus China (Kambodscha) beaflosst goufen.

Firwat kréie mer falsch Informatiounen iwwer déi zwee aner Länner???? --Les Meloures (Diskussioun) 19:45, 16. Mee 2019 (UTC)[äntweren]

Ech verstinn Är Fro net, trotz de 4 Froënzeechen.

Während dem Vietnamkrich si souwuel de Laos wéi och Kambodscha vun de militäreschen Aktivitéiten impaktéiert ginn (vgl. "Ho Chi Minh-Pad" oder Piste Ho Chi Minh a Richtung Südvietnam + Bombardementer vun der USAF mat Bommen, Napalm oder Agent Orange, ënner anerem fir den Dschungel méi "duerchsichteg" ze maachen fir de Feind ebe besser ze gesinn an auszeschalten).

Am Laos an am Kambodscha hunn dës Aktivitéiten d'Kommuniste méi oder wéinger direkt un d'Muecht bruecht. Dobäi kënnt, datt d'Khmer d'Vietnamesen net wierklech kënnen ausstoën, wat bei hinnen d'Chinesen an d'Spill bruecht huet (d'Chinesen an d'Vietnamese sinn och net ëmmer gutt Frënn - ee Grenzkonflikt, an deem d'Vietnamesen de Chinesen de Bass gehalen hunn, huet dat an de Joeren no 1975 gewisen).

Ech sinn ee bescheidene Mënsch, ouni grousst Wëssen a mat wackelege Kenntnësser vun der geschriwwener Sprooch. Verbessert mech deemno... wann néideg! ;-)

MbG,

C.

D'Fro betrëfft nëmme just dee Saz an näischt anescht. Do gëtt behaapt et wieren zwee Kinnekräicher. Menger Meenung no stëmmt dat net ausser onsen Artikel iwwer de Laos wier falsch. --Les Meloures (Diskussioun) 18:41, 17. Mee 2019 (UTC)[äntweren]
Merci fir d'Opbesserung am Artikel Laos. Domat ass de Saz an dësem Artikel nach ëmmer falsch. D'Fro war firwat déi falsch Informatioun. Domat war jo scho gewosst datt se falsch ass an d'Verbessere vun engem aneren Artikel ännert näischt dorun. Et huet een d'Impressioun (an net nëmmen ech) wéi wann Dir sou falsch Informatiounen express an d'Artikele setzt. Et ass jo net fir d'éischt. --Les Meloures (Diskussioun) 08:00, 18. Mee 2019 (UTC)[äntweren]
(änlech wéi schonns tëscht 1920 an 1935) huet d'Saarland als Protektorat vu Frankräich gegollt
Dat ass alt rëm sou eng Desinformatioun. Et géif wierklech Zäit mat deenen Tricken opzehalen. --Les Meloures (Diskussioun)

Wou ass dann do eng Desinformatioun? Wann Dir eppes net wësst, dann ass dat, wat anerer schreiwen, nach laang net onbedéngt falsch oder béisaarteg. Vgl. d' Geschichte des Saarlandes vun den Historiker Wolfgang Behringer & Gabriele Clemens (Beck Verlag), 2009. Et kann dach net sinn, datt all éierleche Contributeur an Ären Aan onweigerlech intellektuell am Bësch ass. Paranoia ass heelbar, och wann et e wéineg dauert. A wann Der drop halt, da liweren ech Iech eng laang Lëscht vun Äre Mängel a Fehlinformatiounen, well Dir sidd net onfehlbar a wësst och net alles. Ofgesinn dovunner, d'lb.wikipedia muss net autokratesch geféiert ginn. - Gréiss, C.

D'Saarland war kee Protektorat déizäit an et ass et als Saarland sou wéi haut definéiert nach guer net ginn. En Deel vun deem wat haut Saarland ass, stoung ënner der Herrschaft vum Vëlkerbond a carrément ënner franséischer Verwaltung. Dat ass kontradiktoresch zur Definitioun vum Protektorat. --Les Meloures (Diskussioun) 12:55, 19. Mee 2019 (UTC)[äntweren]
A wann Der drop halt, da liweren ech Iech eng laang Lëscht vun Äre Mängel a Fehlinformatiounen.
Ma dat wier eng gutt Iddi, well ech sinn iwwerzeegt datt ech och mol Feeler gemaach hunn. Ech hat dann eben d'Chance datt nach kee se bis haut entdeckt huet, an ech wier dee leschten dee géif soen datt ech alles richteg maachen. Heiansdo fannen ech der selwer an iergere mech dann iwwer mech selwer. Ech behaapten allerdéngs och net ech wier e bescheidene Mënsch an éierleche Contributeur, a soen och net aner Leit wiere Paranoiker, a probéieren net fir se lächerlech ze maachen oder maachen hinnen aner Frechheeten wéi Dir dat schonn e puermol gemaach hutt. --Les Meloures (Diskussioun) 13:20, 19. Mee 2019 (UTC)[äntweren]

Kantonsgrenzen[Quelltext änneren]

Duerch d'Gemengefusioune kënnen d'Kantonsgrenzen änneren. Dat war schonn de Fall, wéi d'Gemenge Baastenduerf a Fouhren zur neier Gemeng Tandel fusionéiert hunn: d'Kanton Veianen ass e wéineg méi grouss ginn, an d'Kanton Dikrech e wéineg méi kleng.

Ass dat eng perséinlech Deduktioun oder op wat kann ee sech do beruffen. An iwweregens Kanton ass maskulin (mengt mol den DFL) also deemno de Kanton. k J-J --87.64.59.46 12:59, 28. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]

Richteg, Kanton ass männlech, sorry, hunn net méi iwwerlies kritt, sinn nämlech stënterlech geruff ginn. Jo, dat ass eng logesch Deduktioun op Basis vun de Kaarten, déi een hei oder do - z.B. an de Bicher fir < Éducation civique > - fënnt. De Kanton Veianen ass tatsächlech méi "déck" ginn. Mee ech si sécher, datt deemols, wéi dës Fusioun geschitt ass, d'Zeitungen drop higewisen hunn, datt de Kanton Veianen op "Käschte" vum Kanton Dikrech méi grouss gouf. Schéinen Owend... an ee gudde Rutsch! - ReDi

D'Sécherheet vun engem Wikiauteur ass eng Saach déi net als ganz sécher gëllt. E legalen Text wier do scho besser.
Wat d'logesch Deduktioun ugeet, sou ass déi net fir jiddwereen an iwwerall d'selwecht. A Frankräich trëfft deng Logik am Kantonsberäich z.B. guer net zou. D'Fransouse schéngen do eng aner Logik ze hunn, déi dann och net mat där vun de Belsch Hand an Hand geet. Deemno fir déi selwecht Saach dräi verschidde Logiken (Confusing ....isn't it?) --87.64.59.46 10:36, 29. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]

Loose mer bei EISE Kantone bleiwen. A Frankräich gëtt et z. B. Kantonalwa(h)len, bei äis net. Wat elo Baastenduerf ubelaangt, do stelle mer einfach fest, datt dat Duerf virdrun am Kanton Dikrech war an elo am Kanton Veianen ass, als Deel vun der neier Gemeng Tandel (Baastenduerf-Tandel-Furen). D'Kaarte (be-)weisen dat, ergo spillen d'Kantone wierklech keng Roll méi, vu que datt hir Grenzen de facto, ouni grouss Diskussioun, kënnen änneren. D'Zuel vun de Kantonen huet allerdéngs net geännert. - ReDi


Bonjour där léif IPen alleguer
Ech gesinn datt hei nëmmen ëm de Bräi geschwat gëtt a kee sech d'Méi gemaach huet fir no engem legalen Text ze sichen, wat wéi d'IP 87.64.59.46 richteg bemierkt huet sollt d'Basis vun der Affimatioun sinn. Ech gesinn och néirens e Link op eng Kaart op där en dat ka feststellen. Mä well dat sou op Kaarte festgehalen ass, misst et och eng legal Basis ginn, well de Kadaster schafft net dersonner. A fir mat der IP 195.46.241.230 ze schwätzen, sou kann ech soen datt ech zu déifst iwwerzeegt sinn, datt et déi anzwousch gëtt. --Les Meloures (Diskussioun) 12:17, 30. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]
Gudde Mëtteg,
Fir op den alleréischte Punkt zréck ze kommen: „Duerch d'Gemengefusioune kënnen d'Kantonsgrenzen änneren“ an d'Fro: „Ass dat eng perséinlech Deduktioun oder op wat kann ee sech do beruffen?“ kann ech nëmmen äntweren: (1) Les communes de Bastendorf et de Fouhren sont fusionnées en une nouvelle commune dénommée «Commune de Tandel». (2) La nouvelle commune fait partie du canton de Vianden. Ze fannen an der Loi du 21 décembre 2004 portant fusion des communes de Bastendorf et Fouhren déi z. B. Um Spaweck vun der Säit Baastenduerf ugi gëtt. GilPe (Diskussioun) 12:58, 30. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]

Moien,

Är Ännerung op Transnational Geschicht gouf zréckgesat. Kuckt Iech d'Eifeler Reegel ier Dir nach sou Ännerunge maacht. --Les Meloures (Diskussioun) 12:29, 6. Jan. 2020 (UTC)[äntweren]

Iwwersetzung[Quelltext änneren]

déi gréisstendeels a méi wéi fënnefanzwanzeg Länner iwwersat ginn.

Am Kloertext heescht dat datt s et nach net sinn. An zanter wéini gëtt eppes a Länner iwwersat. --81.245.112.4 19:33, 12. Feb. 2020 (UTC)[äntweren]

Moien,

Firwat gouf den Hutt an Zylinderform am Artikel Dunn erausgeholl? Op wat baséiert dir Iech fir datt dat net sou soll sinn? --Les Meloures (Diskussioun) 09:07, 12. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]


Wien ass dee Sumo dee Fligeren usträicht?

Chrëschtkëndchen[Quelltext änneren]

Wann s d'ee Chrëschtkëndche bass da muss de dat net onbedingt op der Wiki beweisen. --87.65.83.203 16:21, 15. Nov. 2020 (UTC)[äntweren]

Eesäiteg a grondlos Annulatiounë vun Inhalter[Quelltext änneren]

Déi Ännerung war net eesäiteg an net grondlos. Mat där Ännerung gouf just ee Sazz deen dir mat ärer Ännerung sënnlos gemaach hat a säin Originalzoustand zréckgesat. Deemno, fir d'éischt kucke wat genee geschitt ass a sech dann opreege kommen. --2A02:A03F:A199:6C00:895D:C8F6:9CC6:754B 18:18, 12. Mäe. 2023 (UTC)[äntweren]


Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonymme Benotzer deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP Adress benotzen, fir de Benotzer z'identifizéieren.

Sou eng IP Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn. Wann Dir en anonymme Benotzer sidd an Dir net-relevant Bemierkunge krut, maacht wgl. e Kont op oder loggt Iech an, fir weider Verwiesslunge mat aneren anonymme Benotzer ze verhënneren.