Benotzer Diskussioun:Baltshazzar

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Moie Baltshazzar,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


Moien,

ech hat d'Kaart aus dem Artikel Sues erausgeholl, well et keng Kaart vu Sues ass, mee eng vum ganzen Areler Land. Wann, giff se éischter duer gehéieren.

Wier et eng Kaart vun der Gemeng Arel, op deeër Sues ervirgehuewe wier, hätt ech kee Probleem dermat.

Fazit: Se passt net an dësen Artikel, an ass och e bësse "flappeg" fir dee bësselchen Text.


--Zinneke 13:31, 9. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]


Moien: Kuck emol Diskussioun:Luther Leonidas Terry w.e.g. Les Meloures 08:57, 15. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]


Fabréck / Fabrik[Quelltext änneren]

Moien,

Am LOD stinn d'Wieder "Fabréck" a "Fabrik". "Denkfabréck" wier jo deemno net falsch gewiecht.--Fliedermaus 13:00, 12. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Sorry -ech haat dat "verbessert", ouni nozekukken. Baltshazzar 13:31, 12. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien och,

Mer hunn d'Tendenz op der Wiki fir éischter déi Ausdréck ze gebrauchen déi net sou transmuselanesch kléngen. Et stoung bis haut 40 zu 28 fir d'Fabréck. Déi aner goufen och elo g'ännert bis op d'Téitenger Schungfabrik, well dat hiren offiziellen Numm ass.

Les Meloures 14:12, 12. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,

eng Fro zum "groussen Afloss op d'Lëtzebuerger Politik": Wou steet dat, wee sot dat? Esou Aussoe misste beluecht ginn, fir e Sënn ze hunn, soss bleiwen se just Meenung (a mussen nees eraus). Merci am viraus, eng Quell bäizesetzen (oder op d'manst konkret Beispiller). --Zinneke 14:07, 12. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]