Op den Inhalt sprangen

Benotzer Diskussioun:BennyLux

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: viru(n) 2 Joer vum 2A02:A03F:A199:6C00:F0F1:C491:8705:BE68 am Sujet Ech verstinn net wat do iwwerdriwwe soll sinn
Moie BennyLux,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst „Reegel“ ass: „Sief kéng!
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Stamminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op „Sujet derbäisetzen“.

Op Ärer Benotzersäit kënnt Dir, wann Dir wëllt, e bëssen eppes iwwer Iech oder Är Aktivitéiten op der Wikipedia schreiwen (z. B. d'Sproochen, déi Dir kënnt, Är Interessensgebidder asw.). Op Ärer Startsäit fannt Dir nëtzlecht Geschier fir op der Wikipedia lasszeleeën (z. B. Ännerungsvirschléi, Hëllefssäiten, Uspriechpartner an nach méi).
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

Ech verstinn net wat do iwwerdriwwe soll sinn

[Quelltext änneren]

Gudden Owend,

Kategorien ginn no engem bestëmmte System an no bestëmmte Kritären agesat, ofhängeg dervun ob schonn eng ëmfaassend Kategorie do steet oder net. An dësem Fall bei Volvo steet schonn eng Sammelkategorie do an da brauche keng aner méi bäigesat ze ginn, a scho guer keng déi net ondedingt direkt op de Sujet passen. D'Kategorie Volvo ass schonn an déi Kategorien déi Dir agesat hutt eropgeleet. Deemno brauchen déi Kategorien net méi an den Artikel ze kommen. Mat beschte Gréiss --2A02:A03F:A199:6C00:F0F1:C491:8705:BE68 20:20, 29. Dez. 2022 (UTC)Äntweren

Gudden Owend,
OK dat hunn ech verstaan. Merci fir d'Opklärung. Ech hunn der elo puer geläscht, déi do sinn, missten theoretesch awer an der Reih sinn? BennyLux (Diskussioun) 20:22, 29. Dez. 2022 (UTC)Äntweren
Déi sinn och zevill well Volvo ass schonn an déi eropgeleet. --2A02:A03F:A199:6C00:F0F1:C491:8705:BE68 21:16, 29. Dez. 2022 (UTC)Äntweren