Benotzer Diskussioun:FabienneWeitz

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Moie FabienneWeitz,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


Les Meloures[Quelltext änneren]

Moien,

Dat hei,

Hien huet d'Swarovski Kristallwelten zu Wattens an Tiroul matentworf. 2006 huet en op d'Demande vum Gemengerot vun Esch-Uelzecht e Plang entworf, fir d'Brillplaz ("Place de la Résistance") nei z'aménagéieren. Dëse sollt awer, wéinst staarke Protester dergéint, net realiséiert ginn.

gouf aus dem Artikel André Heller erausgeholl.

War eppes falsch dorunner?


Les Meloures 21:06, 27. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

"Sollt"? Gëtt? :-) --FabienneWeitz 14:15, 28. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Remoien,
kënnt Dir ons nach soen virwat Dir sytematesch Datummen entlinkt?
Les Meloures 21:11, 27. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]


Moien,

Ech verstinn Är Géigefroen net. Kënnt Dir Iech méi kloer ausdrécken?

Les Meloures 14:27, 28. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

"Sollt... ginn." Naja. Egal. Sorry. All Mënsch mécht Feeler. --FabienneWeitz 14:36, 28. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Remoien,

De Sazbau ass effektiv e bësselche literaresch fir d'Wiki. De Sënn ass awer ganz kloer, an d'Informatioun ass richteg. Dofir geet et net, fir esou e Saz einfach ze sträichen. De Bobo ass awer net grouss. Wéi Der gesitt gëtt e bësselchen opgepasst wat esou an den Artikele geschitt. De Saz hätt kënnen duerch méi en einfachen ersat ginn. Dat wäert och elo geschéien.

Les Meloures 14:55, 28. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Sorry sorry - ECH hunn d'Feeler gemaach! --FabienneWeitz 15:00, 28. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]