Benotzer Diskussioun:Glucius

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

--Cornischong 22:01, 17 Februar 2006 (UTC)

Gudden Owend. Ech hu gesinn datt s de fir de Berylliumoxyd en eegenen Artikel opgemaach hues. Souwäit ech gesinn, hunn déi aner Wikipediaen de Berylliumoxyd alleguer am Beryllium-Artikel. ^Lount et sech fir déi zwéin ze trennen? --Cornischong 23:11, 29 Juni 2006 (UTC)

Salut, ech haat ugefang den Artikel ze schreiwe an well ech ze midd wor an et och bessi mei lang dauert hun ech den artikel net faerdeg geschriff. Et werten dozu nach 12 Punkte vun verschiddne ennerdeelungen. Ech hun decideiert gehaat se rauszehuelen an eegenstaeneg ze feiere well et bessi grouss an domadden oniwersichtlech fir een den nemme besselchen iwert den Beryllium well gewuer gin. Zemols well och bei weidere Kontributionen den Horrizont vun der Lyceechimie gespleckt werd gin.

Lutz ? :)[Quelltext änneren]

Sali.

2 Saachen... 1) bass du de Lutz ? :)) 2) Ech hu gesinn dass de bëssi am Chimie-Rayon wurschtels. Dozou ginn et e puer Saachen op der Wiki op déi een oppasse muss. Dat éischt ass net ze technesch ze ginn. Ech war zwar lo ni ganz blöd awer och net de Star aus der Klass an der Chimie. An do ass mir dann deelweis den Text (zB bei Bor) ze héich. Pass och op datts de d'Saachen ëmmer verlinks. Wann do an engem Saz steet "de Gay-Lussac" an iergendeen huet keng Ahnung ween dat ass (ech wees zB och nëmmen datt et e Chemiker war, well ech all Dag mam Bus duerch d'Rue Gay-Lussac zu Paräis fueren hehe), da kënnt e vun do och net weider. Dofir besser den Numm verlinken => [[Joseph Louis Gay-Lussac|Gay-Lussac]] = Gay-Lussac (ok deen Artikel gëtt et lo nach net mee wann et e ging ginn, da kéint een eben direkt kucke, ween dee komeschen Här Gay-Lussac do ass, wanns de verstees wat ech mengen :D

Bis denne, Briséis aka grubb3li... :D --Briséisβρισεισ 18:50, 8 Juli 2006 (UTC)

Gugu :) Nee am Chat sinn ech schon éiweg nëmmi gewiercht :)

Et ass richteg, dass vill Wikipediaen och eng IRC-Ënnerstëtzung hunn, dei Diskussioun gouf hei och schonn emol opgeworf. Ech hunn dat sou oder sou net alleng ze entscheeden, dofir schreiw et am Beschten an de Stamminet datt och déi aner hire Pefferkäer kënnen derzou bäidroen.

Ech hu selwer kee Problem dermat, wann et esoueppes ging ginn, allerdings wär ech selwer do wéineg unzetreffen :) --βρισεισDisk 12:50, 12 November 2006 (UTC)

Kuck do: Talk:Oxidatiouns-Reaktiounen Les Meloures 17:59, 17 November 2006 (UTC)


Moien a merci datt dir den Artikel Chimie komplettéiert hutt. Just eng kleng Bemierkung: Loosst w.e.gl. déi Wierder déi richteg geschriwwe sinn einfach esou stoen. Dat mécht et jiddwerengem méi einfach. -- Les Meloures (Diskussioun) 09:51, 27. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Waert daat zu Haerz huelen.


Remoien,

Ass dat sou schwéier en Artikel nom Wikiformat unzeleeën. Dir kéint och mol vläicht heiansdo nokucken, wat dann esou vun anere Mataarbechter verbessert gouf, an Iech mierken, wat falsch geschriwwe gouf. Déi aner Mataarbechter hunn net éiweg Loscht hannendrun ze lafen a méi wéi 60 % vun engem Artikel ze verbesseren. --Les Meloures (Diskussioun) 17:35, 2. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]

Ech kucke mer all keiers Ennerungen un an probéieren dofir meng Artikelen ze verbesseren, ech hun allerdengs just de cortina zu hellef, wann et eppes besseres get benotzen ech daat gaeren. Wann ech dei Ennerungen mir awer sou kucken sinn 60% Mathematesch gesinn mei wei falsch.

Et kann näischt schueden[Quelltext änneren]

sech mol heiran ze knéien:

hei Hëllef ze sichen:

an da gëtt et jo och nach esou eppes fir an d'Hand ze huelen, Bicher. Iergendwou steet dann och, datt sech, wat Grouss- a Klengschreiwung ugeet, un déi däitsch Regele gehale gëtt.

E friddlechen dann nach --Jwh (Diskussioun) 09:48, 4. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]


-Thx wei schons gesoot probéieren ech ee steeteg Verbesserung an weisou friddlechen ech huelen Kritik net feindlech ob oder behaapten ech wier am Recht

Georges 09:57, 4. Jul. 2012 (UTC)

DEFAULTSORT[Quelltext änneren]

Moien,

Et ass vläicht kee Feeler mol heiansdo kucken ze goen wat verbessert gouf, a sech dat dann ze mierken, an déi Feeler w.m. net méi ze widderhuelen. Dat spuert de Botzfraen alt e bësselchen Aarbecht. Bei der Zortéierung kënnt de Familljennumm virun de Virnumm stoen. --Les Meloures (Diskussioun) 08:54, 11. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]

PS. D'Verb gëllen huet kee Preterit, golt aus dem Däitsche galt iwwersat, gëtt et deemno net. --Les Meloures (Diskussioun) 08:57, 11. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]
Moien, kuck emol w.e.g. op dës Diskussiounssäit --Les Meloures (Diskussioun) 14:27, 9. Aug. 2012 (UTC)[äntweren]

Schreifweis[Quelltext änneren]

Moien, et wier flott wann s de heiansdo géifs nokucke wat verbessert gouf, an da géifs versichen déi repetitiv Feeler net méi ze maachen. Dat kann dach net sou schwéier sinn. Op der aner Säit ass et flott datt mer an deem Secteur vun den Tanksen lo eppes méi hunn. :-) --Les Meloures (Diskussioun) 10:25, 2. Jan. 2015 (UTC)[äntweren]